Sot Emol
Justin Gloden: E Liewen fir d'Lafen
55 min
Wann ee sprinte kann, heescht dat net onbedéngt, datt ee wäit lafe kann, an ëmgedréit, wann ee wäit lafe kann, heescht dat net onbedéngt, datt ee sprinte kann. Den Invité dës Kéier ass a war Mëttel- oder Laangstreckeleefer. Hien ass och esou munch Lëtzebuerger Rekord vun de 1500 Meter u gelaf, an nach haut ginn et ëmmer Rekorder, déi him gehéieren: 5.000 Meter, 10.000 Meter, 1 Stonn, Semi-Marathon an de Marathon.
Wann Dir Iech fir d’Lëtzebuerger Liichtathleetik interesséiert wësst Dir ewell laang, vu wiem rieds geet, nämlech de Justin Gloden.
De Leefer war bei Europameeschterschaften, Weltmeeschterschaften an Olympesche Spiller mat derbäi. 1980 war hie Sportler vum Joer an och no esou laanger Zäit ass hien nach ëmmer Sportler bliwwen: eemol Sportler ëmmer Sportler. Esou eng laang Karriär wéi de Justin Gloden hunn der net vill.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus