Schwéierpunkt vum Dag
/ Polen: Tourismus leit ënner der militariséierter Zon laanscht d'Grenz
Polen: Tourismus leit ënner der militariséierter Zon laanscht d'Grenz
4 min
Zanter 2021 probéiert de wäissrusseschen Diktator Alexander Lukashenko déi Europäesch Unioun an d'NATO ze destabiliséieren, andeems hie Migranten iwwer déi polnesch Grenz schéckt. Als Äntwert huet Warschau am Ufank vum Summer decidéiert eng militariséiert Zon laanscht seng Grenz opzebauen, fir de Passage vun de Migranten ze verhënneren. An der Regioun vu Bialowieza, déi haaptsächlech vum Tourismus lieft, mécht dës Noriicht suergen, well vill Touristen dëse Summer ausbleiwen, wat och Auswierkungen op déi lokal Wirtschaft huet.