arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Maison du Luxembourg zu Paräis
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Vun haut un a bis den 11. August steet Paräis ganz am Zeeche vun den Olympesche Spiller. 13 Athleeten an Athleetinne si fir Lëtzebuerg dobäi. Eng éischte Kéier ass de Grand-Duché awer och mat engem speziellen Haus vertrueden. An der Maison du Luxembourg sollen d’Visiteuren en Abléck an d’Lëtzebuerger Sportgeschicht kréien. Och prominente Besuch gëtt hei erwaart.