arrow_back_ios
Schwéierpunkt vum Dag
Protester fir d'Ofdreiwung a Polen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
A Pole ware gëschter Owend nees Pro-Ofdreiwungsdemonstranten op de Stroosse vu Warschau. Si protestéiere géint d'Parlament, dat géint d'Dekriminaliséiere vum Avortement gestëmmt huet. D'Liberaliséierung vun der Ofdreiwung war ee vun de grousse Versprieche vun der progressiver Majoritéit ënner der Leedung vum Donald Tusk. Awer d'Koalitioun vum Premier Minister stellt dat a Fro. Eise Korrespondent Adrien Sarlat war gëschter Owend op d'Demonstratioun virum Parlament.