Schwéierpunkt vum Dag
Call ID Spoofing
10 min
Am Moment kréie vill Leit zu Lëtzebuerg komesch Uriff, déi als Bedruchsmasch gëllen. De Prinzip ass ëmmer deen nämmlechten: Um Display liest een eng lëtzebuergesch Nummer, déi een awer net kennt. Bei den Uriff setzen déi Kriminell dee sougenannte Call ID Spoofing an. Et gëtt deemno virgetäuscht, datt den Uruff vun enger lëtzebuergescher Handysnummer ausgeet, wat awer net de Fall ass. Wéi funktionéiert dee Call ID Spoofing a wat kann ee maachen, wann een Affer vun esou enger Bedruchsmasch ginn ass? D’Michelle Barthel huet déi wichtegst Informatiounen zesummegefaasst.
Presentéiert vum
- Michelle Barthel