arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Billy Garner - I Got Some
Hien ass warscheinlech am meeschte bekannt fir seng Single "I Got Some" aus dem Joer 1970, déi och vill am Hiphop gesampelt gouf. gesampelt gou
Bill Doggett - Honky Tonk
De Bill Doggett war en amerikaneschen Organist, Pianist a Komponist. Hien ass virun allem bekannt fir säin Hit "Honky Tonk", deen hien international bekannt gemaach huet. E gouf och dacks am Hiphop gesampelt.
Barney Kessel - The Look of Love
De Barney Kessel war en amerikanesche Jazzgittarist, ee vun de bedeitendste Gittariste vum 20. Joerhonnert. Seng aussergewéinlech Technik huet him e festen Numm an der Geschicht vum Jazz abruecht.
Babe Ruth - The Mexican
Babe Ruth, eng brittesch Rockband, déi an den 1970er Jore gegrënnt gouf, si fir hire markante Mix aus Hard Rock, Progressive Rock, a Funk bekannt. Si goufen erfollegräich vun Hiphop-Kënschtler gesampelt.
Aretha Franklin - One Step Ahead
D'Aretha Franklin war eng vun de bedeitendsten amerikanesch Sängerin a Songwriterin vum 20. Joerhonnert. Si gëtt dacks als "Queen of Soul" bezeechent.
Ann Peebles - Troubles Heartaches And Sadness
D‘Ann Peebles ass eng amerikanesch Soul- a Bluessängerin, déi an den 1970er Jore besonnesch populär war. Si ass bekannt fir hire "Memphis Soul" Sound a gouf ënner anerem vum Wu-Tang Clan gesampelt.
RHYTHM - RHYTHM
RHYTHM goufen am Dezember 1971 zu Boston gegrënnt. Hiren Album "RHYTHM" ass eng richteg Freed fir Funk- a Soul-Libhaber. Si goufen ë. a. och vum verstuerwene Rapper Nipsey Hussle gesampelt.
Isaac Hayes - Tough Guys
Den Isaac Hayes war eng amerikanesch Museksikon, bekannt als Sänger, Songwriter, Schauspiller a Produzent. Esou ass et kee Wonner, datt hie ganz beléift am Hiphop ass.
Don Blackman - Holding You, Loving You
Den Don Blackman war en amerikanesche R'n'B- an Jazz-Pianosspiller a Singer/Songwriter, gebuer 1953 New York. Hien huet seng musikalesch Karriär fréi ugefaangen a gouf zu enger markanter Figur am Jazz a R'n'B.
ZAPP - Be Alright
Zapp ass eng amerikanesch Funk-Band, 1977 gegrënnt. Si si virun allem bekannt fir hir innovativ Notzung vun der Talkbox an hir energesch Funk-Beats. Si sinn eng vun de meescht gesampelten Gruppen am Hiphop.
Tyrone Davis - In The Mood
Den Tyrone Davis war en amerikanesche Soul- a R&B-Sänger, dee besonnesch an den 1960er an 1970er Joren erfollegräich war. Gebuer als den Tyrone Fettson de 4. Mee 1938 zu Greenville, Mississippi.
The Sylvers - Cry Of A Dreamer
The Sylvers ass eng amerikanesch R&B- a Soul-Band, déi an den 1970er Jore berüümt gouf. D'Band besteet aus de Geschwëster Sylvers, déi zu Memphis, Tennessee opgewuess sinn.
The O'Jays - Darlin’ Darlin’ Baby
The O'Jays, eng amerikanesch R&B-Grupp, 1958 zu Canton, Ohio, gegrënnt, ass eng vun de bekanntste Bands am Philadelphia-Soul-Genre an huet an den 1970er Joren eng ganz Rei vun Hits erausbruecht.
The Main Ingredient - Magic Shoes
The Main Ingredient ass eng amerikanesch R&B/Soul-Band, 1964 gegrënnt a besonnesch bekannt fir hir Hitsingle "Everybody Plays the Fool" aus dem Joer 1972.
The Korgis - Everybody's Got To Learn Sometime
The Korgis ass eng brittesch Pop-Band, déi 1978 gegrënnt gouf. Si si besonnesch bekannt fir hir Hitsingle "Everybody's Got to Learn Sometime" aus dem Joer 1980.
The Jeff Lorber Fusion - Rain Dance
The Jeff Lorber Fusion ass eng amerikanesch Jazzband, déi an de spéiden 1970er Jore vum Pianist Jeff Lorber gegrënnt gouf, ee vun de Pionéier vum Smooth Jazz.