Donny Hathaway - Jealous Guy 21.12.2024 - 12h45 Den Donny Hathaway war en amerikanesche Soul-Sänger, Pianist, Komponist a Produzent, dee seng Lidder passionéiert interpretéiert huet. Seng Samples hunn et bis an de Laptop vum Kanye West gepackt.
Dizzy Gillespie - Matrix 14.12.2024 - 12h45 Den Dizzy Gillespie war en amerikanesche Jazz-Trompettist, Bandleader, Komponist a Sänger. Hien ass bekannt als ee vun de Pionéier vum Bebop a war ganz beléift bei verschiddenen Hiphop-Produzenten.
Cymande - The Message 07.12.2024 - 12h45 Eng brittesch Funk- a Soulband, bekannt fir hir eenzegaarteg Mëschung aus Funk, Soul, Reggae, Jazz an afrikanescher Musek. Hir Musek gouf dacks gesampelt, dat bekanntst Beispill kënnt vun engem Rapper vu Paräis.
Chic - Soup For One 30.11.2024 - 12h45 Chic ass eng amerikanesch Disco- a Funk-Band mat groussen Afloss op d'Musekszeen vun de spéiden 1970er a fréien 1980er Joren. Hir Musek gouf dacks gesampelt, an huet et bis an déi franséisch House-Zeen gepackt.
Camille Yarbrough - Take Yo' Praise 23.11.2024 - 12h45 D‘Camille Yarbrough ass eng amerikanesch Sängerin, Schrëftstellerin, Schauspillerin a Biergerrechtsaktivistin. Hiren Afloss ass duerch de Sampling nach hautdesdaags ze spieren.
Brian Bennett - Solstice 16.11.2024 - 12h45 De Brian Bennett ass en englesche Batteur, Pianist, Komponist a Produzent. Nieft senger Roll an de Shadows war hien e ganz produktive Kënschtler, dee ganz beléift bei alle Beatmaker ass.
Bobby Womack - How Could You Break My Heart 09.11.2024 - 12h45 Deen amerikanesche Sänger, Songwriter, a Gittarist ass bekannt fir seng Bäiträg zu Soul, R&B, a Gospelmusek. Seng Samples si besonnesch beléift am Hiphop an R'n'B.
Bob James - Shamboozie 02.11.2024 - 12h45 Deen amerikanesche Jazzpianist, Arrangeur a Komponist ass besonnesch bekannt fir seng Roll am Smooth Jazz-Genre an ass zanter bal 5 Joerzéngten aktiv. Hien ass e Favorit bei allen Hiphop-Produzenten.
Billy Garner - I Got Some 26.10.2024 - 12h45 Hien ass warscheinlech am meeschte bekannt fir seng Single "I Got Some" aus dem Joer 1970, déi och vill am Hiphop gesampelt gouf. gesampelt gou
Bill Doggett - Honky Tonk 19.10.2024 - 12h45 De Bill Doggett war en amerikaneschen Organist, Pianist a Komponist. Hien ass virun allem bekannt fir säin Hit "Honky Tonk", deen hien international bekannt gemaach huet. E gouf och dacks am Hiphop gesampelt.
Barney Kessel - The Look of Love 12.10.2024 - 12h45 De Barney Kessel war en amerikanesche Jazzgittarist, ee vun de bedeitendste Gittariste vum 20. Joerhonnert. Seng aussergewéinlech Technik huet him e festen Numm an der Geschicht vum Jazz abruecht.
Babe Ruth - The Mexican 05.10.2024 - 12h45 Babe Ruth, eng brittesch Rockband, déi an den 1970er Jore gegrënnt gouf, si fir hire markante Mix aus Hard Rock, Progressive Rock, a Funk bekannt. Si goufen erfollegräich vun Hiphop-Kënschtler gesampelt.
Aretha Franklin - One Step Ahead 28.09.2024 - 12h45 D'Aretha Franklin war eng vun de bedeitendsten amerikanesch Sängerin a Songwriterin vum 20. Joerhonnert. Si gëtt dacks als "Queen of Soul" bezeechent.
Ann Peebles - Troubles Heartaches And Sadness 21.09.2024 - 12h45 D‘Ann Peebles ass eng amerikanesch Soul- a Bluessängerin, déi an den 1970er Jore besonnesch populär war. Si ass bekannt fir hire "Memphis Soul" Sound a gouf ënner anerem vum Wu-Tang Clan gesampelt.
RHYTHM - RHYTHM 14.09.2024 - 14h40 RHYTHM goufen am Dezember 1971 zu Boston gegrënnt. Hiren Album "RHYTHM" ass eng richteg Freed fir Funk- a Soul-Libhaber. Si goufen ë. a. och vum verstuerwene Rapper Nipsey Hussle gesampelt.
Isaac Hayes - Tough Guys 07.09.2024 - 14h40 Den Isaac Hayes war eng amerikanesch Museksikon, bekannt als Sänger, Songwriter, Schauspiller a Produzent. Esou ass et kee Wonner, datt hie ganz beléift am Hiphop ass.
Don Blackman - Holding You, Loving You 31.08.2024 - 14h40 Den Don Blackman war en amerikanesche R'n'B- an Jazz-Pianosspiller a Singer/Songwriter, gebuer 1953 New York. Hien huet seng musikalesch Karriär fréi ugefaangen a gouf zu enger markanter Figur am Jazz a R'n'B.
ZAPP - Be Alright 24.08.2024 - 14h40 Zapp ass eng amerikanesch Funk-Band, 1977 gegrënnt. Si si virun allem bekannt fir hir innovativ Notzung vun der Talkbox an hir energesch Funk-Beats. Si sinn eng vun de meescht gesampelten Gruppen am Hiphop.