Wéi gëtt d’Temperatur richteg gemooss? 19.07.2024 - 11h10 An dësen Deeg kuckt ee méi dacks op den Thermometer: Et gëtt héichsummerlech. Mee wéi weess een, ob de gemoossene Wäert iwwerhaapt stëmmt?
En Hauch vu Stabilitéit 15.07.2024 - 11h10 Eng summerlech Woch steet un, an där et net méi grad esou variabel ass. Bis op e puer eenzel Ausnanem erwaart eis eng méi dréche Woch, mat summerlechen Temperaturen.
Hëtztwell iwwer Südeuropa, a bei eis? 12.07.2024 - 11h30 Déi summerlech Temperature konnte sech emol bëssen halen. Am Mëttelmierraum steet eng richteg Hëtztwell un. Kéinte mir och eppes dovu matkréien?
Mir fuere weider Achterbunn 08.07.2024 - 11h30 An der neier Wiederwoch erwaart eis zwar Héichsummer, mee dat nëmme kuerz.
Kënnt de Summer geschwënn zréck op Lëtzebuerg? 05.07.2024 - 11h30 Mam Wieder geet et de Moment staark op an of. Geschwënn gëtt et erëm méi waarm.
Juli-Start manner waarm 01.07.2024 - 11h30 No den deels schroen Donnerwiedere vun de Weekend berouegt sech d’Wiederlag zwar elo, mee de Summer mécht och eng Paus.
Déi éischt 30°C vum Joer, an elo? 28.06.2024 - 11h30 No laangem Waarde goufe mir elo fir e puer Deeg laang vum Summer verwinnt. De Summer ass scheinbar endlech zu Lëtzebuerg ukomm - et ännert leider awer geschwë schonn erëm.
Mir krazen un den 30 Grad 24.06.2024 - 11h30 Zweet Hallschent vum Juni: Zäit fir Summer. Déi bis ewell längste summerlech Phas vum Joer steet un. Et ass mat knapp 30 Grad ze rechnen.
D’Wieder fir Nationalfeierdag an doriwwer eraus 21.06.2024 - 11h30 Nationalfeierdag steet schonn nees virun der Dier. Et ass zwar liicht méi waarm ginn, mee Reen an Donnerwiedere loosse kee Summerfeeling opkommen - nach net.
Risiko vu kräftegen Donnerwiederen 17.06.2024 - 11h30 Et maache sech zwar endlech méi waarm Loftmasse bei eis breet, déi awer och zimmlech fiicht sinn. D’Theema Donnerwieder gëtt méi grouss.
D’Chance op Summerwieder klëmmt 14.06.2024 - 11h30 Bis ewell hu mir nach net vill vum meteorologesche Summer gesinn. Deels war et esouguer nach fraschteg. Déi méi kill Phas geet awer geschwënn op en Enn.
Kill Loftmassen aus Nordwesten 10.06.2024 - 11h30 De Weekend war ee fir ze genéissen. Elo gëtt et en Tick méi kal. D’Berechnungen aus de leschte Woche confirméiere sech: D’Temperature leie vun elo un ënner dem Duerchschnëtt.
D’Besserung ass do, mee fir wéi laang nach? 07.06.2024 - 11h30 Wann ee virun d’Dier kuckt, da kritt een jo scho bal Hoffnung op Summerwieder. Mee mir sinn nach net grad iwwer de Bierg
Manner Reen - Eng Besserung kënnt 03.06.2024 - 11h30 De Weekend iwwer war et schonn e bësse besser. En Trend, dee weidergeet?
Kleng Besserung um Horizont 31.05.2024 - 11h30 Zanter der leschter Emissioun koum erëm richteg vill Reen dobäi. Mir kéinten elo awer geschwë mol fir eng Zäit iwwer de Bierg sinn.
Mëtt der Woch nees méi naass 27.05.2024 - 11h30 No engem nawell frëndleche Weekend gëtt et geschwënn erëm méi naass.
E liicht bessere Weekend steet un 24.05.2024 - 11h30 De Ree gi mir zwar net ganz lass, mee et gëtt liicht besser. Dëse Mount huet et lokal scho bal 200 l/m² gereent. Och wärend de leschten Deeg vum Mee wäert et net dréche bleiwen.
D'Onwieder aus Däitschland beaflosst d'Météo zu Lëtzebuerg 17.05.2024 - 11h30 D’ Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwert dem südwestlechen Däitschland, a beweegt sech am Laf vum fréie Freidemoien a Richtung Nord/Nordwesten. D’ Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwert dem südwe
D'Onwieder aus Däitschland beaflosst d'Meteo zu Lëtzebuerg 17.05.2024 - 11h30 D’Reegebitt forméiert sech am Kader vun engem klengen Déif iwwer dem südwestlechen Däitschland a beweegt sech am Laf vum fréie Samschdegmoien a Richtung Nord/Nordwesten.