Kalfront fir den Trounwiessel 03.10.2025 - 11h40 D’Wieder wäert fir d’Festivitéite ronderëm den Trounwiessel ufanks net ganz matspillen.
Vu Buedemfrascht bis zu Ex-Hurrikan 29.09.2025 - 11h30 Dës Woch komme mir mat däitlech manner Reen doduerch.
Eng manner naass Zäit 26.09.2025 - 11h30 No erëm zolitte Ree suergt Héichdrockafloss fir eng Besserung. De Weekend geet den Héichdrockafloss an d’Luucht, wat awer eenzel naass Momenter net ausschléisst.
Erëm gréisser Reequantitéite méiglech 22.09.2025 - 11h30 De kalendareschen Hierscht ass ugaangen, an d’Wieder spillt brav mat. En Déifdrockgebitt tankt Kraaft am Mëttelmier a gëtt fir eis heiheem interessant.
Temperature klammen héich a falen déif 19.09.2025 - 11h30 De Weekend leie mir ënner dem Afloss vun iwwerduerchschnëttlech waarme Loftmassen. Mir krazen un den 30°C, warscheinlech fir d’lescht an dësem Joer.
Spéitsummer net ausgeschloss 15.09.2025 - 11h30 Zwar gesäit et momentan net esou dono aus, mee geschwë kéint et méi waarm ginn.
E weidert Op an Of duerch Déifdrockgebitter 12.09.2025 - 11h15 Mir hunn eng opreegend Wiederwoch hannert eis.
Warnung viru Staarkreen net ausgeschloss 08.09.2025 - 11h15 E klengt Déifdrockgebitt bréngt eis an der Nuecht op en Dënschden eng spannend Situatioun. An den Deeg drop bleift et net ganz dréchen, mee de Reen hëlt däitlech of.
De Sonndeg wäermsten Dag vun der Woch 05.09.2025 - 11h15 Déiwe Loftdrock heescht net ëmmer schlecht Wieder an niddereg Temperaturen. De Sonndeg erwwart eis e kuerze spéitsummerleche Peak.
Temperaturschwankungen a Siicht 01.09.2025 - 11h15 An der neier Wiederwoch leie mir haaptsächlech um Rand vun Déifdrockgebitter zu Lëtzebuerg. Net onbedéngt a Saache Reen, mee se hunn e gréisseren Effekt op eis Temperaturen.
Den Atlantik huet eis am Grëff 29.08.2025 - 11h15 Och de Weekend an doriwwer eraus hu mir et mat markantem Déifdrockafloss ze dinn. De Weekend iwwer ass et onbestänneg zu Lëtzebuerg.
Kuerz 30°C, da markante Réckgang 25.08.2025 - 11h15 Déiwe Loftdrock bestëmmt dës Woch iwwer eist Wieder. D’Iwwerreschter vum Hurrikan Erin markéieren den Ufank vun enger Weststréimung, och méi turbulent Zenarie si méiglech.
En Ex-Hurrikan beaflosst eist Wieder 22.08.2025 - 11h15 Et ass net aussergewéinlech, datt Iwwerreschter vun engem Hurrikan an eise Géigenden opdauchen. D’nächst Woch wäert dat erëm de Fall sinn.
Et kënnt nees Beweegung an d’Spill 18.08.2025 - 11h15 No ville Summer- an och Hëtztdeeg hannereneen ännert sech eppes. Et schéngt erëm méi a Richtung Westwiederlag ze goen.
35°C a lokal méi ze erwaarden 11.08.2025 - 11h15 Eng Hëtztwell kënnt an d’Gäng, lokal si 35°C a méi ze erwaarden. De Weekend kéint et der e puer manner ginn. Summerlech waarm bleift et awer trotzdeem.
Den August gëtt alles 08.08.2025 - 11h15 Méi summerlech wéi momentan kënnen d’Aussiichte fir den August guer net méi ginn. Zwar bleift et net komplett dréchen, mee et gëtt waarm.
Um Wee vun der Besserung 04.08.2025 - 11h15 Vun Dënschdegmëtteg u ginn d’Nidderschléi däitlech méi rar. Dës Woch koppele sech d’Déifdrockgebitter vum skandinavesche Raum of, et gëtt Plaz fir héije Loftdrock gemaach.
Chancen op Summer-Comeback klammen 01.08.2025 - 11h15 Et schénge besser Deeg an Aussiicht ze sinn. E Randdéif suergt momentan fir eng verstäerkt Schaueraktivitéit iwwer Lëtzebuerg, mee dat soll net esou bleiwen.
Déifdrockafloss dominéiert ëmmer nach 28.07.2025 - 11h15 Déifdrockgebitter verhënneren, datt sech nohaltegt Summerwieder duerchsetzt. E Freideg a Samschdeg haten d’Temperature Summerniveau erreecht, éier se gëschter zeréckgoungen.
Schwierege Comeback vun der Hëtzt 25.07.2025 - 11h15 D’Temperature klammen deemnächst weiderhi just op ëm 25°C. Et ass zwar zäitweis summerlech waarm, mee vu wierklech héijen Temperature sinn a bleiwe mir wäit ewech.