Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou

100komma7.lu / Reen a Bou

/ Markante Wand méiglech

Markante Wand méiglech

Bis Silvester geschitt net méi vill, dat ass ëmmer nach esou. Direkt ufanks 2025 kënnt awer däitlech méi Beweegung an d’Wiederkichen a kräftege Wand gëtt méi warscheinlech.

Episoden

Markante Wand méiglech

Bis Silvester geschitt net méi vill, dat ass ëmmer nach esou. Direkt ufanks 2025 kënnt awer däitlech méi Beweegung an d’Wiederkichen a kräftege Wand gëtt méi warscheinlech.

Bis Silvester geschitt net méi vill

De Schnéi, dee mir kuerz viru Chrëschtdag haten, gëtt dëst Joer net méi getoppt. E stabilt Héichdrockgebitt suergt dofir, datt sech déi lescht Deeg vum Joer net méi vill wäert doen. Ufanks 2025 ännert dat awer.

Méi roueg Aussiichte bis Silvester

De Schnéi, dee mir zanter dem 11. Dezember beobachten, koum an der vergaangener Nuecht erof. Et ass aller Viraussiicht no dee leschte vum Joer, an et geet elo méi roueg virun.

Chance op Schnéi, da roueg bis Silvester

De Weekend ass nach Beweegung am Wieder, duerno gëtt et méi roueg. D’Déifdrockaktivitéit bréngt eis e Sonndeg an e Méindeg eng méi héich Warscheinlechkeet fir Schnéi.

Wochenausbléck an Update fir Chrëschtdag

Egal ob Héich- oder Déifdrock, et ass a bleift meeschtens dréif. D’Sonn ass de Moment e richteg raren Artikel - se ze gesi gëtt an den nächsten Deeg net onbedéngt méi liicht.

Kréie mir e wäisse Chrëschtdag?

Ëmmer wa Chrëschtdag virun der Dier steet, gëtt d’Fro haart, ob et dann och wäiss dobausse gëtt. Haut woe mir en éischte Bléck.

Ëmmer nach kee richtege Wanter

De meteorologesche Wanter ass zwar amgaangen, mee de Schnéi wëllt sech net esou richteg weisen. Et schéngt, wéi wann an nächster Zäit net vill méi wéi just e puer vereenzelt Flacken dra wieren.

En naassen an zäitweis lëftege Weekend

De Weekend iwwer gëtt d’Wieder en Tick méi ongemittlech, well d’Déifdrockgebitt eis erreeche wäert, vun deem mir e Méindeg geschwat haten.

Vill Beweegung an zweeter Wochenhallschent

No enger variabeler mee nach roueger éischter Wochenhallschent deit sech fir déi zweet Hallschent däitlech méi Beweegung un.

Héije Loftdrock, mee nëmme kuerz

Dofir gëtt et erëm méi kal. D’Woch iwwer hate mir nees méi naasst a méi lëftegt Wieder, mee dat leet de Weekend iwwer eng Paus an.

E waarme Start an déi nei Woch

An der neier Woch gerode mir nees ënner e Mix aus variabelem an zäitweis méi stabillem Wieder, mat ufanks mol kengem Wanterwieder méi.

Markant Temperatur-Hausse de Weekend

E Mëttwoch war et esouwäit: Déi éischt Flacke vun der Saison koumen erof.

Eng éischte Kéier wanterlech

Et kënnt erëm Beweegung an d’Spill: An der neier Wiederwoch steet de Wand am Fokus, anerersäits awer och d’Warscheinlechkeet vun den éischte Flacke vun der Saison.

Éischte Wanterabroch méiglech

Lues a lues konkretiséiert sech d’Wiederlag fir d’nächst Woch. Nodeems et laang roueg war, schléit d’Wieder d’nächst Woch ëm. Eis Undeitungen op méiglecht wanterlecht Wieder confirméiere sech esou lues.

Ëmschwong ëmmer méi warscheinlech

D’Woch geet mat déiwem Loftdrock un, e bleift awer nach net.

Atlantik kéint geschwënn nees bestëmmen

D’Deeg mam markanten Niwwel kéinte geschwë gezielt sinn, well d’Dier op den Atlantik eraus erëm kann opgebrach ginn an déi laang Héichdrockphas kéim domadder op en Enn.

Eng Omega-Wiederlag huet eis am Grëff

Eng Omega-Wiederlag suergt weiderhi fir grouss Géigesätz um europäesche Kontinent. Ëmmer nach leie mir ënner rouegem Héichdrockafloss.

Keng nennenswäert Nidderschléi ze erwaarden

Duerch den héije Loftdrock wäert sech an den nächsten Deeg net vill änneren - dowéinst geheie mir e Bléck méi wäit an d’Zukunft.

Experte confirméieren: Lëtzebuerg hat zwee Tornadoen

Heiheem ass de Moment net den Ament net all ze vill lass, dat well mir ënner Héichdrockafloss leien. Méi lass war awer am Summer, fir deen elo nei offiziell Erkenntnisser koumen.

Eng méi roueg Woch steet un

An dëser Woch kréie mir et wéinstens fir eng kuerz Zäit mat méi rouegem Wieder ze dinn.