Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou

100komma7.lu / Reen a Bou

/ Kuerzen Hëtzt-Peak mat bis zu 35°C

Kuerzen Hëtzt-Peak mat bis zu 35°C

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow

Déi ugeschwat Hëtzt-Blos ass tatsächlech ënnerwee op Lëtzebuerg. An den nächsten Deeg gëtt et méi waarm. Fir e Méindeg kënnegt sech dee bis ewell wäermsten Dag vum Joer un.

Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt

Episoden

Dat gutt Wieder kënnt un d’Wackelen

Mir hunn et mat engem waarme Schluss vum meteorologesche Summer ze dinn. An de leschten Deeg goufe mir vu vill Sonn, e puer vereenzelte Wolleken an héijen Temperature verwinnt.
headphones

6 min

play_arrow

Héichdrockwieder a bis zu 30°C

Nodeems et gutt geknuppt huet, geet et elo mam Spéitsummer virun. Weiderhin ass näischt vun Hierscht an eise Wiederkaarten ze gesinn. Bis e Freideg mécht sech och de Ree rar.
headphones

5 min

play_arrow

D’Wieder fir den éischte Fouer-Weekend

De meteorologesche Summer dauert just nach e puer Deeg. Mee wat bedeit dat wierklech?
headphones

5 min

play_arrow

D’Aussiichte fir heiheem a fir d‘Mëttelmier

Heiheem hu mir e rouege, mee plazeweis naasse Weekend hanner eis. Bessert d’Wieder ass awer ënnerwee, woubäi dat net op de ganze Kontinent zoutrëfft.
headphones

6 min

play_arrow

Temperaturréckgang no der Hëtzt

Déi bis ewell wäermste Phas vum Joer hu mir hanner eis. An elo?
headphones

8 min

play_arrow

Dee bis ewell wäermsten Dag vum Joer

De Weekend hu mir et scho gemierkt: E puer Deeg Héichsummer maache sech breet. Déi héichsummerlech Temperaturen erreechen haut um Méindeg hire Maximum.
headphones

7 min

play_arrow

Kuerzen Hëtzt-Peak mat bis zu 35°C

Déi ugeschwat Hëtzt-Blos ass tatsächlech ënnerwee op Lëtzebuerg. An den nächsten Deeg gëtt et méi waarm. Fir e Méindeg kënnegt sech dee bis ewell wäermsten Dag vum Joer un.
headphones

6 min

play_arrow

Et geet summerlech a just zäitweis naass virun

Déi nei Wiederwoch verleeft mat duerchschnëttlechem Summerwieder. Et erwaarden eis just zäitweis liicht Nidderschléi, soss ass et meeschtens summerlech bis héichsummerlech.
headphones

5 min

play_arrow

Juli-Bilan an Aussiichte fir dee weidere Summer

Deen zweete Mount vum meteorologesche Summer ass eriwwer. Mir zéien de Bilan a kucken op weider Aussiichte bis an den August eran.
headphones

7 min

play_arrow

Mëttelmier-Hëtzt op Lëtzebuerg ënnerwee

D’Temperature maache vun haut un e Ruck no uewen. En Héich, dat iwwer groussen Deeler vum Kontinent läit, dréit héichsummerlech Loft aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg.
headphones

5 min

play_arrow

No variabelem Weekend nees méi waarm

Mir erliewen an Tëschenzäit jo erëm méi stabilt Wieder, mat enger kuerzer Ënnerbriechung bis e Samschdeg. Do kënnt et nämlech zu Schauerwieder.
headphones

6 min

play_arrow

De Reen hält sech a Grenzen

Wann et esou virugeet, da stellt sech déi zweet Julihallschent als eng richteg summerlech Phas eraus. De Weekend iwwer hu mir en héichsummerleche Peak erreecht.
headphones

5 min

play_arrow

Wéi gëtt d’Temperatur richteg gemooss?

An dësen Deeg kuckt ee méi dacks op den Thermometer: Et gëtt héichsummerlech. Mee wéi weess een, ob de gemoossene Wäert iwwerhaapt stëmmt?
headphones

5 min

play_arrow

En Hauch vu Stabilitéit

Eng summerlech Woch steet un, an där et net méi grad esou variabel ass. Bis op e puer eenzel Ausnanem erwaart eis eng méi dréche Woch, mat summerlechen Temperaturen.
headphones

5 min

play_arrow

Hëtztwell iwwer Südeuropa, a bei eis?

Déi summerlech Temperature konnte sech emol bëssen halen. Am Mëttelmierraum steet eng richteg Hëtztwell un. Kéinte mir och eppes dovu matkréien?
headphones

7 min

play_arrow

Mir fuere weider Achterbunn

An der neier Wiederwoch erwaart eis zwar Héichsummer, mee dat nëmme kuerz.
headphones

5 min

play_arrow

Kënnt de Summer geschwënn zréck op Lëtzebuerg?

Mam Wieder geet et de Moment staark op an of. Geschwënn gëtt et erëm méi waarm.
headphones

8 min

play_arrow

Juli-Start manner waarm

No den deels schroen Donnerwiedere vun de Weekend berouegt sech d’Wiederlag zwar elo, mee de Summer mécht och eng Paus.
headphones

6 min

play_arrow

Déi éischt 30°C vum Joer, an elo?

No laangem Waarde goufe mir elo fir e puer Deeg laang vum Summer verwinnt. De Summer ass scheinbar endlech zu Lëtzebuerg ukomm - et ännert leider awer geschwë schonn erëm.
headphones

6 min

play_arrow

Mir krazen un den 30 Grad

Zweet Hallschent vum Juni: Zäit fir Summer. Déi bis ewell längste summerlech Phas vum Joer steet un. Et ass mat knapp 30 Grad ze rechnen.
headphones

5 min

play_arrow