Presserevue 23.04.2021 - 08h15 Impf-Tourismus: Sales Lentz denkt drun, Impf-Reesen an aner Länner unzebidden. Impfungen: Santé relativéiert d'Niewewierkungen an Doudesfäll no Covid-19 Impfungen.
Presserevue 23.04.2021 - 07h15 D'Santé relativéiert d'Niewewierkungen an Doudesfäll no Covid-19-Impfungen, Sales Lentz denkt drun, Impf-Reesen unzebidden, an zu Sandweiler ass e Sonndeg Referendum.
Presserevue 22.04.2021 - 08h15 D'Situatioun an den Hôpitaux Schuman, de Manktem un Transparenz beim Staat an d'Diskussioune ronderëm d'Unerkennung vun der Psychotherapie sinn Theemen an der Press.
Presserevue 22.04.2021 - 07h15 D'Situatioun an den Hôpitaux Schuman, de Manktem un Transparenz beim Staat an d'Diskussioune ronderëm d'Unerkennung vun der Psychotherapie sinn Themen an der Press.
Presserevue 21.04.2021 - 08h15 An den Zeitunge gëtt d'Diskussioun ronderëm prioritär Impfunge fir d'Léierpersonal an Educateuren a fir Polizisten relancéiert
Presserevue 21.04.2021 - 07h15 D'Zukunft vun der CSV beschäftegt d'Zeitungen, kuerz virum Parteikongress e Samschdeg, an de Frank Engel rechent mat senge Parteikolleegen of.
Presserevue 20.04.2021 - 08h15 An den Zeitungen ass et en Opruff fir méi kritesch ze sinn zu de Restriktiounen, an den Ausbau vun der Tramsstreck op Bouneweg gëtt kritiséiert.
Presserevue 20.04.2021 - 07h15 De Jeannot Waringo géif de Generalkoordinator vum Aarbechtsgrupp ginn, deen d'Corona-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer soll opklären.
Presserevue 19.04.2021 - 08h15 De Grand-Duc Henri seet am Interview, datt hie ganz zouversiichtlech ass, datt d'Pandemie mat den Impfungen an de Grëff ze kréien ass.
Presserevue 19.04.2021 - 07h15 Den Affekot Frank Wies an de President vum Staatsrot kommentéieren d'Covid-Gesetzer an et gi sech Gedanke gemaach iwwer d'Zukunft vu Liberty Steel.
Presserevue 17.04.2021 - 08h15 D'Ännerungen un der Impfstrategie a Problemer vun Enseignanten a Souvernirsverkeefer dominéieren d'Presse haut
Presserevue 16.04.2021 - 08h15 D'Reform vum Radio 100,7, eng Immobillieblos zu Lëtzebuerg, déi riskéiert ze platzen, Impf-Invitatiounen, déi net koumen, an ëmmer méi Gebrauch vum Engleschen zu Lëtzebuerg.
Presserevue 16.04.2021 - 07h15 "In English please", d'Popularitéit vum Engleschen zu Lëtzebuerg, den Impakt vun engem globale Steier-Taux op Lëtzebuerg, an Impf-Invitatiounen, déi ni koumen.
Presserevue 15.04.2021 - 08h15 Rassismus géigeniwwer Leit mat asiateschen Originnnen, d'Impfcampagne zu Lëtzebuerg, an Zweiwel iwwer den AstraZeneca Vaccin sinn Theemen.
Presserevue 15.04.2021 - 07h15 Ongläichheeten tëschent Fraen a Männer an der Medezin, Mësstrauen an AstraZeneca Vaccin, a d'Polemik ëm "wäiss privilegiéiert Männer" sinn haut Theemen.
Presserevue 14.04.2021 - 08h15 D'AMMD ass iwwerrascht iwwer d'Kritik un den Dokteren an der Impfcampagne an de Gilles Roth schwätzt iwwer "peinlech" Tëschefäll bei der CSV.
Presserevue 14.04.2021 - 07h15 D'Lëtzebuerger Wort mécht ganz schro Beschëllegunge géint den HRS-President Jean-Louis Schiltz a fuerdert eng staatlech Kontroll fir de Grupp.
Presserevue 13.04.2021 - 08h15 Wat géif eng "Lex Koller" zu Lëtzebuerg bréngen? Wat ännert d'Taxisreform? A brauch Lëtzebuerg e Gesetz, dat d'Ustrécke vu Patiente reegelt?
Presserevue 13.04.2021 - 07h15 D'Ouverture vum fënneften Impfzenter um Findel ass Theema an den Zeitungen, donieft geet rieds mam ACL-Chef iwwer Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg.
Presserevue 12.04.2021 - 08h15 E globale Mindest-Steiersaz, dat neit Offall-Gesetz, d'Biolandwirtschaft an der Mandy Minella hire Comeback no der Babypaus sinn Theemen.