arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Editioun 08:15

Editioun 08:15

Lauschteren play_arrow
headphones

4 min

D’Geleeënheet fir d’Unerkennung vu Palästina ass elo: Där Meenung ass de Michael Merten a sengem Leitartikel am Lëtzebuerger Wort. Eng Unerkennung als Staat géif de Verhandlungsspillraum vun de “konstruktive palästinenseschen Acteuren” erhéijen.

“Blindflug am Findel”, esou huet de Chris Schleimer säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Hien ass der Meenung, datt d’Regierung erëm eng Kéier beim Dialog géif versoen. D’Regierung schéngt et op en Neits verpasst ze hunn, d’Gespréich mat den direkt Bedeelegten ze sichen.

Opmaacher-Sujet am Lëtzebuerger Wort ass d’Eenegung tëschent der Europäescher Unioun an den USA am Handelssträit. Den Deal géif Imprevisibilitéit mat sech bréngen, esou gëtt de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel am Wort zitéiert. Dëse Sujet gëtt haut och am Quotidien kommentéiert.

Am Lëtzebuerger Journal beschäftegt de Misch Pautsch sech mat der Fro, firwat vill vum sougenannten Needle Spiking geschwat gëtt. Fäll, bei deene beluecht ass, datt eng Persoun am ëffentleche Raum heemlech ee Stoff mat enger Nol agesprëtzt kritt huet, géife weltwäit komplett feelen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun 8:15

Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Sinn déi nei hëlzen Eisebunnsschwellen aus Tropenholz, déi d'CFL verluecht huet, zertifizéiert? Recherche vum Tageblatt no bestéingen do Zweiwel
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Zeitunge sinn entsat iwwer d'Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt a si maachen déi etabléiert Parteien dofir responsabel, well déi d'Bierger am Stach gelooss hunn
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Et gouf eng gréisser Cyberattack bei der Firma BMS Engineering, déi Software fir Dokteren entwéckelt a perséinlech Donnéeë vun de Patienten traitéiert
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Geschicht an Däitschland widderhëlt sech, den antifaschistesche Konsens ass eriwwer, de Kanzler wackelt, dat si Kommentaren an den Zeitungen zu der Walvictoire vun der AfD
headphones

6 min

play_arrow

Lëtzebuerger geschriwwe Press mécht haut op mat der geplangter Rees vum Poopst op Metz, der Energiewend beim Hëtzen an der Luxairstrategie
headphones

5 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Schoulsall als salle d'attente, d'Luxair an de Klimabilan an d'FLF wëll hier Talenter behalen, dat sin d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Nofollger fir den Johhny Chicago, eng Assurance fir den Auto dee selwer fiirt an en Elefant mat Flilleken am Raum, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Sich no der Tigermëck, den Overtourism a seng Konsequenzen an e gudd Drauwejoer, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08h15

De Luxtrust-Bedruchsfall kënnt viru Geriicht, den Affekot vun de 40 Affer bedauert, datt d'Banken net méi hëllefsbereet ware mat hire Clienten
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07h15

Wéi e Klimawandel mam bloussen A ka gesinn, dat weist de Quotidien senge Lieser, d'Zeitung huet nämlech Satellittebiller auswäerte gelooss, op deene bal nëmme brong ze gesinn ass
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08h15

Studenten hunn hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer mat engem Wunnprobleem ze kämpfen, et géif e grousse Manktem u Wunnenge fir Studente ginn, seet d'ACEL
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07h15

Et huet gebrannt am Benu Village zu Esch, scho fir d'zweete Kéier, d'Ursaach ass net bekannt, mee an der geschriwwener Press gëtt Brandstëftung net ausgeschloss
headphones

4 min

play_arrow

Wiessel un der Spëtzt vun der KPL, Tëschebilan vum Kulturminister Eric Thill an neit Déierenasyl zu Diddeleng sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng nei Fluchlinn an hiren Ëmweltimpakt, méi Plaz fir Kloterer zu Bäerdref an en Autobunnsrank ronderëm d'Stad: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng nei Fluchlinn an hiren Ëmweltimpakt, méi Plaz fir Kloterer zu Bäerdref an en Autobunnsrank ronderëm d'Stad: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow