Am Quotidien zitt de Commissaire Général vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo Osaka 2025 haut een Tëschebilan: no den dräi éischte Méint vun dëser Weltausstellung hätte schonn 167.000 Leit de Lëtzebuerger Pavillon besicht.
De Stroumpräis hei am Land wier bannent engem Joer ëm iwwer 24 Prozent geklommen: dat gëtt een de Moien am Lëtzebuerger Wort gewuer.
D’Mëssgonscht vun der AMMD géintiwwer dem Personal an de Klinicken ass net am Interesse vun de Patienten: där Meenung ass de Luc Laboulle am Leitartikel haut am Tageblatt.