Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Editioun 8:15

Editioun 8:15

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De Fall vum éisträicheschen Entrepreneur René Benko ass zu Lëtzebuerg ukomm: dat schreift de Moien d’Tageblatt. Virgëschter hätten Enquêteuren aus der Alperepublik Geschäftsraim um Sennengerbierg duerchsicht.
“Ein Sumpf ohne Boden”, esou huet d’Michèle Gantenbein de Leitartikel am Lëtzebuerger Wort iwwerschriwwen. D’Skandaler, déi an de leschte Méint un d’Liicht koumen, géifen ee strukturelle Problem däitlech maachen. Als Beispiller gi Caritas, Luxembourg Science Center a BENU Village genannt.
Theema haut beim Online-Magasinn Reporter ass déi ugekënnegt Debatt iwwer d’Pensiounsreform: am Hierscht wëllt d’Regierung jo eng breet gesellschaftlech Debatt iwwer de System ufänken. Ënner dem Titel “Im Schatten der Rentenmauer” huet de Pit Scholtes den Avis zum Wirtschafts- a Sozialrot zu dësem Theema analyséiert.
“Hinter dem Kampf für die Pressefreiheit in der EU”, dorëm geet et haut am aneren Online-Magasinn Lëtzebuerger Journal. Ze liesen ass do ee Gespréich mam Pavol Szalai vum EU- a Balkan-Desk bei Reporter ouni Grenzen.

Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

An den Zeitunge geet rieds iwwer d'Verbreede vun extreemen Inhalter op de Soziale Medien an iwwer een neien nationalen Aktiounsplang géint geschlechtsspezifesch Gewalt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Wéi geet et mat de Mataarbechter vun der Caritas virun? Ënner anerem doriwwer geet haut an der nationaler Press rieds.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Zukunft vun der Wanteraktioun nom Finanzskandal bei der Caritas, d'Debatt ronderëm eng Reduktioun vun de Piloten am Cockpit, an d'Gläichberechtegung am Parasport ...
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Dem Luc Frieden seng Erklärungen zu der Situatioun bei der Caritas, a Gläichberechtegung am Parasport wéi och an der neier EU-Kommissioun sinn haut Theemen an der nationaler Press.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

Viru 6 Méint ware Mëssstänn am Departement fir Videoiwwerwaachung bei der CFL opfgeflunn, an der Press geet et haut em d'Suitten dovun
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Wäilies wäert dëst Joer méi spéit ufänke wéi d'lescht Joer, no der Schoulrentrée, si versprécht awer e gudde Cru ze ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Geschäftsleit zéien en éischten duerchwuessene Bilan vun der Braderie gëschter, donieft ass d'Stierwe vun de Bauerenhäff en Theema an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Braderie zitt net méi wéi fréier, d'Jugend- an Drogenhëllef huet Problemer e Lokal zu Ettelbréck ze fannen an déi nei Lallenger Sportshal kritt weider Retard a gëtt méi deier.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Et géif e grousse Malaise bei de Caritas-Mataarbechter ginn, erzielt ee Mataarbechter, donieft ginn et nei Revelatiounen an der Caritas-Affär.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Et ginn nei Elementer an der Caritas-Affär, déi un der Thees vum Presidentebedruch zweiwele loossen, donieft géif et e grousse Malaise bei de Caritas-Mataarbechter ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

Burkini Verbuet fir d'Wort, d'Tageblatt zitt de Bilan iwwert Fusioun Bous Waldbriedemes a Groussbous Wahl, de Quotidien presentéiert Schifergrouwe vu Maarteleng
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Onglécklech politesch Aussoen, eng Raveparty a Bettwanzen
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7h15

Raveparty, Donald Trump a Bettwanzen
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Burkini-Verbuet, Indépendanten an Dragqueens
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7h15

Steierverwaltung, Burkini-Verbuet an Dragqueens
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Burkini-Diskussioun ass nees lancéiert, donieft suergt e Virfall am Beetebuerger Bësch fir Opreegung, do hunn zwee Hënn e Réi attackéiert an ugefriess
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Vläicht ass nach net alles verluer: d'Konten a Spuenien, wou déi 61 Millioune vun der Caritas drop iwwerwise gi sinn, stoungen ënner Observatioun, dat confirméiert déi spuenesch Bank am Tageblatt.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

No Solingen ass d'Waffereglement och an den Zeitungen en Theema an d'Schueberfouer mécht nach laang net jiddweree frou, et ginn och rosen Awunner um Lampertsbierg.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Déi illegal Rave-Party um Stauséi an d'Kritik un der Police, well déi esou spéit agegraff huet, sinn Theemen an der Presserevue, grad wéi eng nei Diskussioun ronderëm Burkinien an de Schwemmen.
headphones

5 min

play_arrow