Physik ass relax
Mat der wëller Maus erop, erof a ronderëm!
11 min
Ob Dir op der Wild Mouse mat de Kanner, dem Olympia Looping, där gréisster transportabeler Achterbunn, grousse Bunnen uechter d’Welt mat Twists, dem Jules Verne Tower oder der BayernKurve op der Schueberfouer gefuer sidd, Dir kennt dat Gefill aus dem Sëtz gehäit ze ginn oder ofzehiewen! Sensatioune sinn déi nämmlecht, mol méi staark, mol manner staark. Physikalesch Phenomeener a Gesetzer dohannert sinn déi nämmlecht: Geschwindegkeet, Beschleunegung, Inertie a besonnesch d’Ännerung vun der Beschleunegung. Firwat spiert ee sech op enger Kopp extreem liicht, an engem Dall méi schwéier wéi soss? Firwat gëtt et eenzele Leit schlecht? Explikatioune mat der Physikerin Carol Eicher
Presentéiert vum
- Angie Maquil