1. D‘UNO verlaangt, datt Israel een Zitat „Genocide“ am Gaza verhënnert. Déi israeelesch Marin huet iwwerdeems Booter vun der internationaler Gaza-Hëllefsflott virun Zypern interceptéiert – ee Lëtzebuerger Resident ass wahrscheinlech matgeholl ginn.
2. De Xavier Bettel huet mat der zoustänneger EU-Kommissärin de point vun der humanitärer Situatioun an der Welt gemaach.
3. An de Stater Busse gi keng Sécherheetskabinnen fir d‘Chaufferen installéiert – anescht also wéi an den RGTR-Bussen a CFL-Bussen.
4. Den Tour de France start 2028 vu Reims a Frankräich aus – Lëtzebuerg huet mat senger Kandidatur de Kierzere gezunn.