1. D‘USA hunn e 15 Punkte Friddensplang fir den Iran virgeluecht, parallel soll e Waffestëllstand wärend engem Mount gëllen
2. Sechs zu Lëtzebuerg etabléiert Entreprisë wäerten an de nächsten 10 Joer verstäerkt op klimafrëndlech Alternativen ëmklammen.
3. Am Zesummenhank mat der aktueller Energiekris wär Lëtzebuerg gutt opgestallt a wären d’Privatleit méi geschützt wéi anerwäerts: Dat sot den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles de Moien op eiser Antenn.
4. An de Nato-Member Staaten Estland a Lettland sinn zwou Dronen erofgefall déi iwwer di russesch Grenz geflu sinn. Vun Tallin a Riga heescht et d‘Virfäll géifen ënnersicht ginn.