1. De Luc Frieden bleift CSV-Partei-President: um Kongress zu Ettelbréck gouf hie mat 88 Prozent vun de Stëmme confirméiert: dat war däitlech manner wéi virun 3 Joer.
2. De Grupp GOODYEAR wëllt bis 2028 an Europa, dem Mëttleren Osten an an Afrika 600 Plazen ofbauen: de Pneue-Produzent wëllt seng Käschte reduzéieren.
3. An dräi Wochen nom Ufank vum Iran-Krich fueren Israel an den Iran mat hiren Attacke virun: d’USA hu bei dëser Offensiv bis elo méi wéi 8.000 iranesch Ziler attackéiert.