1. De Parquet huet gëschter eng Perquisitioun an enger Privatcrèche zu Péiteng gemaach, betraff ass eisen Informatiounen no d‘Crèche Dramland, et geet ëm Coups et Blessures volontaires op Mineure vu manner ewéi 14 Joer.
2. Liewenslängleche Prisong: Dozou gouf de Moien um Dikrecher Geriicht den Ugekloten am Prozess ëm de brutalen Doud vun enger Fra, am September 2022, zu Dikrech verurteelt.
3. D’Explikatiounen zur LuxTrust-Pann vum Wirtschaftsminister Lex Delles wieren erniichternd gewiescht, esou d’Diane Adehm no der zoustänneger Chamberkommissioun de Moien.
4. Den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg huet de Moien an zweeter Instanz d’Decisioun vum Europaparlament annuléiert, fir ënnert anerem dem Carles Puigdemont seng Immunitéit opzehiewen.