1. D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez bleift bei hirer Decisioun fir den Dokter Philippe Wilmes bis op Weideres ze suspendéieren – si huet de Mëtteg den Deputéierten eng éischte Kéier Ried an Äntwert am Dossier gestanen.
2. Weider Réckriff vu Puddermëllech – d‘EU Liewensmëttelsécherheetsagence reagéiert a schrauft de Grenzwäert fir Cereuliden erof.
3. Den Héichschoulministère lancéiert een eegenen Audit iwwert d‘Uni Lëtzebuerg.
4. No bal engem Joer wieren haut déi éischt Patienten aus dem Gazasträif iwwert de Grenziwwergang Rafach an Ägypte komm.