1. Et wier “ganz kloer”, datt den Dokter kee medezinesche Feeler gemaach hätt, dat huet den Affekot vum Philipe Wilmes de Me François Prum de moien hei op der Antenn erkläert.
2. De Rekter vun der Uni.lu Jens Kreisel weist d’Virwërf iwwer een toxeschent Arbechtsklima a Mobbing op der Universitéit vu sech
3. A Portugal huet de Sturm Kristin zwee Leit d‘Liewe kascht, de Sturm ass hënt mat Wandvitessen vu bis zu 150 Kilometer an der Stonn iwwer den Zentrum vu Portugal ewech gezunn.
4. Ronn dräi Méint no de Parlamentswalen an Holland goufen dräi Parteien sech eens fir eng Minoritéitsregierung ze forméieren.