1. Zu Esch bleift et bei enger Grondsteier op net-bebauten Terraine vun 1.200%: Dofir huet d’schwaarz-blo-gring Majoritéit am spéide Moien am Gemengerot gestëmmt.
2. Den Innen- an Immigratiounsminister Léon Gloden wëllt an Zukunft de fräiwëllege Retour vu Persounen där hir Asyldemande definitiv ofgewise gouf, oder déi keng Openthaltsgeneemegung hunn, favoriséieren.
3. Di franséisch Sozialisten hunn op en neist dermadder gedreet der Regierung d‘Vertrauen z‘entzéien wann sech um aktuelle Budgetsprojet näischt géif änneren.
4. Zu London ass haut eng Reunioun iwwer d‘Ukrain, vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen