1. Meteolux: Orange Warnung wéinst Hëtzt fir de Süde vum Land vun 13:00 de Mëtteg bis 19:00 den Owend
2. Südeuropa: Hëtztwell a Bëschbränn bei iwwer 40 Grad, bis elo gouf et dräi Doudeger
3. Däitsch Grenzkontrollen: Ronn 1.300 illegal Areesen aus Lëtzebuerg, 869 Leit nees zeréck op Lëtzebuerg geschéckt, esou d‘Bundespolizei
4. Virun Trump-Putin-Treffen: Russland géif nei Offensiv virbereeden, esou den ukrainesche President
5. Washington: Éischt Zaldote vun der Nationalgard sinn op Uerder vum Donald Trump ukomm fir Kriminalitéit ze bekämpfen