1. Policeasaz zu Hengescht wéinst enger illegaler Rave. Eng 500 Leit haten um net-autoriséiertem Evenement deelgeholl
2. Bei enger Rallye a Frankräich ass een Auto an de Publikum gefuer. 3 Spectateure koumen ëm d‘Liewen
3. De portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa huet decidéiert d‘Immigratiounsgesetz virun d‘Verfassungsgeriicht ze bréngen
4. De Chef vun der UNRWA, dem Hëllefswierk vun de Vereenten Natioune fir Palästina-Flüchtlingen am Noen Osten, kritiséiert, datt Hëllefen an d‘Gazasträif iwwer d‘Loft net effikass wieren