1. Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch ass de Moien am Déifferdenger Gemengerot op d’Justizenquête wéinst enger neier Immobilienaffär agaangen
2. Am September 2028 sollen déi éischt Schüler kënnen zu Schëffleng an déi nei ëffentlech Europaschoul goen
3. Méi wéi 90.000 Mol hunn d‘Streckeradaren op der A7 bis elo scho geblëtzt
4. Russland huet d‘Ukrain hënt nees massiv aus der Loft attackéiert, Honnerte vun Drone goufen dobäi agesat
5. Eng Plainte vun den Ierwen vum verstuerwene rietsextreeme Politiker Jean-Marie le Pen gouf elo virum Europäesche Geriichtshaff zeréckgewisen