1. An der Stad war haut deen traditionellen Ouschtermarsch, dat ënner dem Motto Fridden, Gerechtegkeet, Toleranz an Diversitéit
2. De russesche President Wladimir Putin huet haut eng Feierpaus an der Ukrain fir Ouschteren ugekënnegt
3. Zu Roum waren haut amerikanesch an iranesch Delegatioune fir éischt Atomgespréicher beieneen
4. Den Terrormouvement Hamas huet haut matgedeelt, datt ee keng Informatioune méi iwwer déi israeelesch-amerikanesch Geisel Edan Alexander hätt
5. Zu London hunn haut Dausende vu Leit géint d‘Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff demonstréiert, en Urteel, dat jo festleet, datt eng Fra just iwwer d‘Geschlecht bei der Gebuert definéiert gëtt