Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. Wéinst sengem Like vun engem Facebook-Poust géint d’LGBTQIA+-Communautéit kritt den adr-Deputéierten Tom Weidig eng Disziplinarprozedur vu senger Partei gemaach. D’Presidentin Alexandra Schoos nennt dee Poust inacceptabel
2. Virum Hannergrond vu russesche Rakéiten- an Dronenattacken op Kiew seet de Wolodymyr Selenskij, datt de Wladimir Putin net op Fridden aus wier. Den ukrainesche President hofft op den Zesummenhalt an d’Ënnerstëtzung vun de Partner vun der Ukrain
3. An an der Fussball Champions League spillt Benfica Lissabon den Owend géint Monaco ëm eng Plaz an den Aachtelsfinallen. De Leandro Barreiro kéint den éischte Lëtzebuerger op deem Niveau ginn
Presentéiert vum
- Eric Ewald