Panorama
Owespanorama
14 min
1. A Frankräich muss d‘Regierung vum Premier Michel Barnier domat rechne vun der Oppositioun duerch ee Mësstrauensvott gestiert ze ginn. Dat nodeems se den Artikel 49.3 benotzt huet fir de Sozial-Budget duerch d‘Parlament ze boxen.
2. Wéi geet et weider fir d‘Mataarbechter vu Liberty Steel zu Diddeleng? An der Mëttesstonn war eng Informatiounsversammlung.
3. Zu Lëtzebuerg soll net erëm een obligatoresche Militärdéngscht agefouert ginn, esou d‘Verdeedegungsministesch.
4. Zu Holztem am Eisléck goufe ronn 140 réimesch Mënzen aus der 2. Hallschent vum 4. Joerhonnert fonnt.
5. Den Inneminister Leon Gloden huet d’Fonktionnementer vum neien techneschen Hëllefswierk RESC-LU virgestallt
Presentéiert vum
- Françoise Keller