Panorama
Owespanorama
12 min
1. Muer kommen d’Acteuren aus dem Gesondheetswiesen zesummen. D’Gewerkschafte maachen am Virfeld Drock fir méi héich Remboursementer bei Zänndokteschrechnungen a Brëller
2. Der Agence E-Santé no gëtt den elektronesche Patientendossier DSP ëmmer méi genotzt. Bis elo wieren iwwer 13 Milliounen Dokumenter an den DSPe gespäichert, erkläert den Direkter Ian Tewes
3. Dräi Persounen, déi am Mamer Lycée Josy Barthel schaffen, kruten an der Suite vun den interne Streidereien tëschent Proffen an Direktioun en Ordre de justification
4. Aus Frankräich koum haut d’Nouvelle, datt Auchan massiv Aarbechtsplazen ofbaue wäert. Och de Grupp Michelin huet annoncéiert wëlle Sitten a Frankräich zouzemaachen
5. Nom schroen Héichwaasser am Oste vu Spuenien d‘lescht Woch huet déi spuenesch Zentralregierung elo een Hëllefspak fir d‘Affer annoncéiert an Héicht vun 10,6 Milliarden Euro
Presentéiert vum
- Marlène Clement