Panorama
Mëttespanorama
9 min
1. Den Oktober war ee Grad méi waarm wéi d’Moyenne vun der Referenzperiod vun 30 Joer, mee an engems och ze naass. An den nächsten 10 Deeg géif et bei den Temperaturen net vill Ännerunge ginn an d’Tendenz och éischter an d’Richtung goen, datt de Wanter ze waarm gëtt
2. Och wa mir a Saache Wieder bis elo nach wäit ewech si vu Schnéi, bereede sech Ponts&Chaussées awer schonn op d’Salzstreeë vir. Eng 18.000 Tonne Salz ginn all Wanter op d’Staatsstroossen an Autobunne verdeelt
3. De Bilan vun den Doudesaffer no de schroe Wiederen a Spuenien ass op 211 an d’Luucht gaangen. Dee Bilan ass awer nach nëmme provisoresch, well nach ëmmer vill Leit géife vermësst ginn
Presentéiert vum
- Eric Ewald