Panorama
Mëttespanorama
9 min
De Jean-Claude Juncker kritiséiert d’Grenzkontrollen, déi Däitschland vu muar un ugekënnegt huet. Den Ex-Premier a fréieren EU-Kommissiounspresident gesäit den Accord vu Schengen doduerch a Gefor.
Déi Gring aus der Stad froe sech, ob dat neit Schouljoer an der Haaptstad ouni Neierungen ufänkt. Dobäi géif et, an hiren Aen, vill Défie ginn.
Bis elo sinn duerch de schloe Reen a Mëttel- an Osteuropa 6 Leit ëm d’Liewe komm. Rumänien zielt 4 Doudesaffer, Éisträich a Polen jee eent; am Panorama héiert Dir eng Korrespondenz dozou aus Polen.
Bei der Europameeschterschaft am Cyclissem an der Belsch gouf et de Moien eng 8. an eng 10. Plaz fir Lëtzebuerg bei de Junior-Dammen.
D’Daviscup-Ekipp vun den Tennis-Häre steet no hirer 3:2-Victoire an Neiséiland an de Play-offe fir an de Weltgrupp I.
Presentéiert vum
- Eric Ewald