Panorama
/ Mëttes-Panorama mat den Haaptsujete Finanze vun de Piraten a vun der Caritas
Mëttes-Panorama mat den Haaptsujete Finanze vun de Piraten a vun der Caritas
12 min
D’Finanze vun de Pirate ginn duerchliicht: Dat huet de Büro vun der Chamber de Moien décidéiert; an de leschten Deeg war et jo zu Behaaptungen iwwer e privat Notze vu Sue komm, déi d’Parlament der politescher Sensibilitéit zur Verfügung stellt. D’Chamber wëll elo eng Kopie vun all de Finanzdokumenter vun de Pirate kréien, zanter 2018; dës Dokumenter ginn dann direkt vum Parlament un d’Cour des Comptes weidergeleet. Donieft gouf entscheed, dass de Rechnungshaff all Joer d’Konte vun all de Gruppen a Sensibilitéiten ënnert d’Lupp huele soll.
De Sven Clement huet d’Hoffnung nach net ganz opginn, nees en Terrain d’entente mam Marc Goergen ze fannen, deen et erlaabt, fir weider zesummen ze schaffen. Dat sot den Deputéierten a Matgrënner vun de Piraten de Moien am 100,7-Interview. Et misst een net bescht Kollege sinn, fir Politik ze maachen, sou de Sven Clement. Hien hätt e puermol eng extern Médiatioun proposéiert, fir déi intern Konflikter opzeschaffen. Do missten allerdings béid Säite matzéien, an dofir hätt bis elo op där anerer Säit de Wëlle gefeelt.
Den OGBL ass zouversiichtlech, dass fir d’Personal vun der Caritas eng Léisung fonnt gëtt: Dat sot den zoustännegen Zentralsekretär vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, Smail Suljic, nodeems gëschter eng Personalversammlung bei der Caritas war. Muar de Mëtten ëm halwer zwou kënnt dann déi zoustänneg Chamberkommissioun zesummen, fir iwwert d’Situatioun bei der Caritas ze schwätzen.
Presentéiert vum
- Eric Ewald