Panorama
Moiespanorama
10 min
1. Bei engem Passagéier u Bord vun engem Vol den 12. Juli vun Oslo op Lëtzebuerg goufe Riedelen diagnostizéiert. Dat huet de Gesondheetsministere gëschter Owend matgedeelt.
2. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no an de leschte Wochen Affer gi vun engem risege Bedruch. Eng gutt platzéiert Mataarbechterin steet am Verdacht, der sozialer Organisatioun ronn 60 Milliounen Euro geklaut ze hunn.
3. De Sträit bannent der Piratepartei geet an eng weider Ronn. No Aussoen, déi den Deputéierte Marc Goergen gëschter bei RTL gemaach huet, hat de Sven Clement d‘Press zesummegeruff. Hie geheit dem Marc Goergen an dem Ben Pollidori vir, Netto-Suen aus der Partei erausgezunn ze hunn.
4. Am Norde vu China si wéinst extreme Reeschaueren op mannst 11 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Gëschter war zu Shangluo an der Provënz Shaanxi eng Autobunnsbréck iwwert engem Floss zu engem Deel agebrach.
5. Vill Doudeger bei Studente-Protester am Bangladesch. Eleng gëschter solle 56 Mënschen em d’Liewe komm sinn.
Presentéiert vum
- Marlène Clement