D'Mária Devitzaki trëtt den 29. Abrëll am Trifolion op. Um Programm steet dem Francis Poulenc seng Oper an engem Akt, "La voix humaine". Et ass keen normale Concert, mee eng Performance mat Danz a Video. Op dës Manéier soll d'Haaptfigur an all hirer Villschichtegkeet gewise ginn. Et ass ee Projet, deen och op der Uni Lëtzebuerg als Diskussiounsstoff benotzt gouf. D'Mária Devitzaki huet eis hir Hannergrondgedanken an hir Motivatioun hanner dësem Projet erkläert.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Wéi kann een eng Operefigur nei interpretéieren?
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes