Wien d’Mëttegpaus notze wëllt fir e klenge Kulturausfluch ze maachen, dee kann den Dënschdeg, 28. Abrëll an d’Philharmonie goen. Do gëtt et um hallwer 1 am Espace Découverte de sougenannte Midi Baroque. D’Cembalistin Anne-Catherine Bucher interpretéiert déi 2. Partita an Do mineur an déi 5. Franséisch Suite vum Johann Sebastian Bach a si gëtt gläichzäiteg Erklärungen zu de Wierker an hirem historesche Kontext. D’Iddi dobäi dem Public op eng häerzlech Aart a Weis déi barock Musek méi no ze bréngen. D’Anne-Catherine Bucher erkläert d’Konzept hanner de Midis Baroques.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng Barocke Mise en Bouche
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart