De Westdeutscher Rundfunk an de Péter Eötvös feieren hir 60 Joer laang Zesummenaarbecht. De Komponist an Dirigent huet seng musikalesch Karriär beim Stockhausen zu Köln ugefaangen a verbënnt seng eege Musek bei dësem Concert och nach mat anere Komponisten, déi säi Liewen a seng Musek inspiréiert hunn.
Um Programm:
Péter Eötvös (*1944) - Ligetidyll
György Kurtág (*1926) - Ligetis Jahrhundert - Schweifen durch die Vergangenheit, op.48
Péter Eötvös (*1944) - Respond, for viola and 32 musicians, Solist: Timothy Ridout, Braatsch
Karlheinz Stockhausen (1928-2007) - Kontra-Punkte
Péter Eötvös (*1944) - Siren's Song
Interpreten:
WDR Sinfonieorchester
Gergely Madaras, Dirigent