Den Trojanesche Krich verleeft am Rhythmus vun de Rosereie vum Achilles, deen eigentlech den Haaptheld am griichesche Lager ass. Dat geet esou wäit, datt hie sech wënscht, d’Trojaner géifen de Krich gewannen. Et muss ee bis zum fënnefleschte Gesang waarden, éier eng decisiv Roserei, no bei der Verzweiflung, hie beweegt, nees op d’Schluechtfeld zeréckgoen. Wat hien dozou bréngt, erzielt de Jean Portante an der 28. Episod vu Mythologesches.
arrow_back_ios
Mythologesches
De Retour vum Achilles
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Dem Achilles säi virleschten Duell
De Jean Portante bleift nach ëmmer bei der “Iliad” stoen, déi e Pëtz ouni Buedem ass, wat d’Figuren aus der griichescher Mythologie ugeet, do dauche praktesch all Gëtter a grouss Helden, déi mir haut kennen, op.
De Retour vum Achilles
Den Trojanesche Krich verleeft am Rhythmus vun de Rosereie vum Achilles. Et muss ee bis zum fënnefleschte Gesang waarden, éier eng decisiv Roserei, no bei der Verzweiflung, hie beweegt, nees op d’Schluechtfeld zeréckgoen.
Wéi d’Hera den Zeus neutraliséiert
D’Gëtter vum Olymp sinn net nëmmen d’Zuschauer vum Trojanesche Krich, mee si gräifen an den decisive Momenter an. Déi eng op der Säit vun den Trojaner, déi aner op där vun de Griichen.
Mythologesch Dueller: Wou ass den Achilles?
Déi leschte Kéier huet de Jean Portante erzielt, wéi, am 2. Duell vun der “Iliad”, den Trojaner Hektor d’Griichen erausgefuerdert huet. Et ass schliisslech den Ajax, deen untrëtt.
Mythologesch Dueller - 2 Den Hector géint den Ajax
Den Apollo an d’Athena schloen den Duell vir, fir dem Bluttvergéissen en Enn ze setzen, an den Hector dozou bréngen en Held aus de Reie vun der griichescher Arméi erauszefuerderen.
Mythologesch Dueller - 1
De Pâris géint de Menelaos
D’Kassandra am Boccaccio sengem Who’s Who
Si war an ass esou berüümt, datt si souguer an engem Who’s Who hir Entrée fonnt huet. An zwar an deem vum italieenesche Schrëftsteller Giovanni Boccaccio.
D’Kassandra zu Besuch beim La Fontaine
De Kassandra-Mythos u sech gouf dacks an der Literatur verschafft. Ganz onerwaart och an enger Fabel vum Jean de La Fontaine.
D’Kassandra an der Literatur
Wéi Schrëftsteller an Dichter d’Kassandra-Thematik verschafft hunn, ass d’Theema vun e puer Episode vu Mythologesches.
Der Kassandra hir onglécklech Prediktiounen
eng vun de berüümte Figuren, d’Duechter vum Kinnek Priamos a Schwëster vum Pâris. Hiren Numm steet nach haut fir een, deen dat Schlëmmst fäert, mee och fir d’Propheetin, op déi kee lauschtert.,
De Mammemäerder Orestes
Et geet dës Kéier ëm den Orestes, deen dem Agamemnon an der Klyteimnestra hire Jong ass, a doduerch dem Fluch, deen iwwert der Atride-Famill schwieft net entgoe kann.
Der Iphigenie hiert zweet Liewen
Och dës Woch beschäftegt sech de Jean Portante nees mam Mythos vun der Iphigenie.
De Mythos vun der Iphigenie
Et geet dës Kéier ëm eng Fra, déi direkt an e puer griicheschen Tragedien, d'Haaptroll spillt.
Dem Agamemnon säin Doud
Dës Kéier geet et ëm de grausamen Doud vum Kinnek Agamemnon, dee vu senger eegener Fra Klytaimnestra ëmbruecht gëtt. Firwat a wéi, gitt Dir hei gewuer.
Den Agamemnon waart op de Wand
Mir kommen ëmmer méi no bei déi bekanntst Personnagë vun der griichescher Mythologie, d’Iphigenie, den Orestes, de Achilles oder d’Kassandra.
Dem Menelaos seng Hochzäit
De Menelaos an den Agamemnon sinn zwou zentral Figure vum Troja-Krich. Déi zwee Bridder sinn awer och d’Jonge vum Atreus, an also dem Fluch vun den Atriden ausgesat.
Vu Verrot, Inzest a Mord
Mir gi gewuer, op wéi eng Aart a Weis den Thyestes sech gerächt huet. An och do gëtt virun näischt zeréckgeschreckt.
En Dëppe voller Kanner
Op wéi eng grujeleg Aart a Weis dem Pelops seng zwee Jongen, den Atreus an den Thyestes, sech den Troun vu Mykene ënner de Nol räisse wëllen, erzielt Iech de Jean Portante dës Kéier.
D'Famill vun den Atriden - 1
An der griichescher Mythologie wimmelt et nëmmen esou vu Mord an Doutschlag; Pappen, Mammen, Bridder, Schwësteren, Kanner ginn ëmbruecht, et gëtt keen Tabu beim Murksen.
Méi wéi een Deluge-Mythos
Am leschten Deel goung et ëm verschidde Sintfluten, déi e bëssen iwwerall op der Welt, an der Mythologie virkommen, separat vuneneen, mee mat villen Änlechkeeten? All Kéier, zum Beispill, gëtt et e puer Iwwerliewender.
- 1
- 2