arrow_back_ios
Mythologesches
Den Agamemnon waart op de Wand
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Mam Menelaos, vun deem de Jean Portante déi leschte Kéier geschwat huet, ass säi Brudder Agamemnon eng zentral Figur vum Troja-Krich, op der griichescher Säit, esou wéi e vum Homer an der “Iliad” erzielt gëtt. Elo ass et also un him, an der 14. Episod vu Mythologesches. Mir kommen esou ëmmer méi no bei déi bekanntst Personnagë vun der griichescher Mythologie, d’Iphigenie, den Orestes, de Achilles oder d’Kassandra.
Episoden
De Mammemäerder Orestes
Et geet dës Kéier ëm den Orestes, deen dem Agamemnon an der Klyteimnestra hire Jong ass, a doduerch dem Fluch, deen iwwert der Atride-Famill schwieft net entgoe kann.
Der Iphigenie hiert zweet Liewen
Och dës Woch beschäftegt sech de Jean Portante nees mam Mythos vun der Iphigenie.
De Mythos vun der Iphigenie
Et geet dës Kéier ëm eng Fra, déi direkt an e puer griicheschen Tragedien, d'Haaptroll spillt.
Dem Agamemnon säin Doud
Dës Kéier geet et ëm de grausamen Doud vum Kinnek Agamemnon, dee vu senger eegener Fra Klytaimnestra ëmbruecht gëtt. Firwat a wéi, gitt Dir hei gewuer.
Den Agamemnon waart op de Wand
Mir kommen ëmmer méi no bei déi bekanntst Personnagë vun der griichescher Mythologie, d’Iphigenie, den Orestes, de Achilles oder d’Kassandra.
Dem Menelaos seng Hochzäit
De Menelaos an den Agamemnon sinn zwou zentral Figure vum Troja-Krich. Déi zwee Bridder sinn awer och d’Jonge vum Atreus, an also dem Fluch vun den Atriden ausgesat.
Vu Verrot, Inzest a Mord
Mir gi gewuer, op wéi eng Aart a Weis den Thyestes sech gerächt huet. An och do gëtt virun näischt zeréckgeschreckt.
En Dëppe voller Kanner
Op wéi eng grujeleg Aart a Weis dem Pelops seng zwee Jongen, den Atreus an den Thyestes, sech den Troun vu Mykene ënner de Nol räisse wëllen, erzielt Iech de Jean Portante dës Kéier.
D'Famill vun den Atriden - 1
An der griichescher Mythologie wimmelt et nëmmen esou vu Mord an Doutschlag; Pappen, Mammen, Bridder, Schwësteren, Kanner ginn ëmbruecht, et gëtt keen Tabu beim Murksen.
Méi wéi een Deluge-Mythos
Am leschten Deel goung et ëm verschidde Sintfluten, déi e bëssen iwwerall op der Welt, an der Mythologie virkommen, separat vuneneen, mee mat villen Änlechkeeten? All Kéier, zum Beispill, gëtt et e puer Iwwerliewender.
Virum Äerdbiewen
De Jean Portante kënnt eng leschte Kéier op den aztekesche Mythos vun de fënnef Sonne zeréck an erzielt, wéi déi 5. Sonn geschaf gouf, déi, déi haut nach do ass, mee all Moment ënnergoe kann, mat hir déi 5. Mënschheet.
![D’Enn vun der Welt](/1_Foto/100komma7.lu/235425/image-thumb__235425__base_thumbnail/Azteken%205%20Sonnen.aac2890a.jpg)