arrow_back_ios
Radioprogramm
Episoden
Fussball-WM: D'Lëtzebuerger U15 huet 7 vun 10 Matcher gewonn
Mir froen den U15-Nationaltrainer, ob hie mat esou vill Victoirë gerechent hat.
No Attack op Frigoen: Wéi kënne mir eis besser schützen?
No der Attack op Frigoen a Frankräich an an der Belsch misst elo iwwerpréift ginn, datt Geräter, déi online connectéiert sinn, besser geschützt ginn, seet de Chaos Computer Club.
Presserevue vun 08:15
Nei Ressourcë fir de Gesondheetsbudget, eng geplangte Visitt vum franséische President an en Tankrabatt fir Elektroautoen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Literatur: De Prix Goncourt geet un de Philippe Jaenada
D'Buch "L'inconnue du quai de Javel" gewënnt dëst Joer de renomméierste franséische Literaturpräiss. De Jeff Schinker huet et gelies.
Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.lu
Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.
Verbrenner-Motor: Een Opweeche vum Verbuet zeechent sech of
Am EU-Parlament setzt sech eng Majoritéit fir ee Verleeë vum Verbrenner-Verbuet an. Beim Vott an der Transportkommissioun hat d’Martine Kemp dofir an d’Tilly Metz dergéint gestëmmt
Presserevue vun 07:15
D'Attacken op d'Journalistin Véronique Poujol an Tankrabatt fir Elektroautoen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Weltmännerdag: Wann d'Gesondheet vum Mann an de Fokus réckelt
An am Mëttelpunkt steet op deem Dag d'Gesondheet vum Mann. An iwwer déi schwätze mir mam Psycholog a Psychotherapeut Jean Fischbach
D'Maison médicale zu Ettelbréck ass geplënnert - Mee wéini geet een dohin?
Gëschter Owend sinn zu Ettelbréck d’Diere vun der neier Maison médicale opgaangen. Mee firwat ass se geplënnert a wéini soll een an d’Maison médicale an net an d’Urgence goen?
Presserevue vun 08:15
Zu Waasserbëlleg huet sech eng nei Biergerinitiativ géint de Kaméidi op a ronderëm d'Tankstelle gegrënnt, si fuerdert Verkéiersberouegungen an huet schonn 200 Ënnerschrëften
Anonym Beschëllegungen: Wéi kënne Journaliste sech wieren?
Eng anonym Internetsäit mécht grave Reprochë géint d'Journalistin Véronique Poujol. Mir froen de President vun der Journalisten-Associatioun ALJP, wéi si sech ka wieren.
Mike Schwebag, Médiateur de la santé
De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024
Filmtipp: "Boxing Stories"
A sengem ganz perséinlechen Documentaire setzt sech den Alain Tshinza mat der Lëtzebuerger Boxgeschicht an der kongoleesescher Diaspora auserneen.
Presserevue vu 07:15
D'Cyberattacken op Frigoen a Killtruen a Supermarchéen zu Lëtzebuerg, d'Militärdepensen, déi méi héich ausfale wéi geplangt, an d'Sich no Immobilien déi staark klëmmt sinn Theemen
Leschte Countdown fir d'Midterms an den USA
Den US-President Donald Trump probéiert d'Wieler ze iwwerzeegen, datt seng Republikaner an der Majoritéit bleiwe sollen, mee d'Demokrate weisen sech optimistesch
No Récktrëttsfuerderung: Wäert den Déifferdenger Schäfferot zerécktrieden?
Nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng huet d'Oppositioun d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert. Wéi reagéiert dorop de Buergermeeschter Guy Altmeisch?
Hanner de Kulisse vun engem Beruff tëschent Doud an Trouscht
De Moris Garzaro war bei Erasmy zu Hamm an huet mat der Rachel Weber iwwer hiren Alldag am Beruff geschwat
Presserevue vun 08:15
An den Zeitungen ass et haut den Opruff fir op d'Strooss ze goe fir géint d'Wunnengskris ze protestéieren, ze laang scho géifen d'Leit sech ze vill gefale loossen