Am Europarlament gëtt weider iwwer méi labber Reegele fir CO2-Emissioune fir Autoen ofgestëmmt. Beim Vott an der Transportkommissioun hat d’Martine Kemp (CSV) fir an d’Tilly Metz (déi gréng) géint d’Propos gestëmmt, déi vun de Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen ausgehandelt gi war.
D'Danièle Weber iwwer déi aktuell Diskussioun am Parlament an déi ënnerschiddlech Positiounen vun den zwou Lëtzebuerger Europadeputéiert.