D’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng.
Als Rappel: am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwert dee Wee haten si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam ArchitektebürD’Déifferdenger Oppositioun huet d’lescht Woch d'Demissioun vum LSAP-CSV-Schäfferot gefuerdert, nom 400.000 Euro-Bedruch an der Gemeng.
Als Rappel: Am Mee hate Krimineller sech an d’E-Maile vun engem Architektebüro gehackt a sech als Baufirma ausginn. Iwwer dee Wee hate si d’Gemeng dozou bruecht, eng Rechnung vun iwwer 400.000 Euro, déi nach mam Architektebüro opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Ëffentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn.
DP, déi gréng an déi Lénk werfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënner den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.o opstoung, op e falsche Bankkonto an Holland ze bezuelen. De Bedruch war Mëtt Mee entdeckt ginn – allerdéngs sinn d’Oppositioun an d’Effentlechkeet eréischt dëse Mount dovu gewuer ginn.
DP, déi Gréng an déi Lénk wäerfen dem Schäfferot vir, en hätt d’Affär wëllen ënnert den Teppech kieren. Wäert de Schäfferot den Hutt zéien? Dat hu mir den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch gefrot.