De PIB zu Lëtzebuerg ass no eischten Aschätzungen am zweeten Trimester dëst Joer em 0,9 Prozent am Verglach mam éischten Trimester zréckgaangen, dat deelt de Statec am neie Konjunkturflash mat. De Konjunkturflash hat negativ a positiv Säiten. Negativ ass d’Previsioun, dass d’Käschte vun Energie, Technologie a Liewensmëttel klamme wäerten, positiv ass déi nei Bewäertung vum Wuesstem vun de leschten zwee Joer.
De neie Berechnungen no, ass de Haussse vum PIB 2024 a 25 no uewe revidéiert ginn. 2024 vun 0,3 Prozent op 2,0 Prozent an 2025 vun 0,6 Prozent op 1,4 Prozent.