arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.
Wéi war d'Luxembourg Fest zu Belgium an den USA?
Eise Korrespondent Philip Crowther war op der 40. Editioun vum grousse Spektakel ronderëm de Grand-Duché op där Plaz, wou d'Luxembourg American Cultural Society hire Sëtz huet.
Editioun 07:15
Fënnef Baachen hei am Land hu kee Waasser méi an zwou nëmme méi ganz wéineg: Dat gëtt een haut an den Zeitunge gewuer. Donieft gëtt et am Stau am Moment kee Problem
Editioun vum Weekend
"Ass an ärem neien Elektroauto vläicht schonn en ageschmolte Jesus agebaut?" - déi Fro stellt d'Tageblatt haut
30 Joer e-lake: Wéi vill Opwand stécht hanner dem Festival?
De Pit Beffort schwätzt mat den Organisateuren iwwer d'Geschicht vum Festival an aktuell Erausfuerderungen.
De 6. August viru 35 Joer gouf Internetgeschicht geschriwwen
Mir kucke mat der Valérie Schafer, Spezialistin fir Internetgeschicht op der Uni.lu zréck op déi éischt Websäit iwwerhaapt a froen si wéi den Tim Berners-Lee de Web vun haut gesäit
Editioun 08:15
Fir d‘Liichtathleetik-EM dierfe verschidde Kamera-Astellungen net méi gemaach ginn, fir ze verhënneren, datt Biller vu Sportlerinne sexistesch ausgenotzt ginn, liest een am Wort.
Krisesëtzung: wéi geet et um Rhäin (an op der Musel) weider?
De Rhäin steet mëttlerweil op ville Plazen historesch déif. Gëschter gouf zu Bonn no Léisunge gesicht fir den Impakt op d'Wirtschaft kleng ze halen.
Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity
Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.
Beetebuerger Kierfecht: wat ass bis elo gewosst?
Ufanks der Woch goufe 60 Griewer beschiedegt. Mir froen de Buergermeeschter Jean-Marie Jans, wat genee geschitt ass, an ob d'Kierfechter elo besser muss geschützt ginn.
Editioun 07:15
De Gemengesyndikat Minett-Kompost krut vum Ëmweltministère en Ultimatum, fir kee knaschtegt Waasser méi an d‘Ëmwelt a Kanalisatioun lafen ze loossen, liest een am Tageblatt.
180 Kilometer Jakobswee ginn et zu Lëtzebuerg
Déi féieren a 6 Etappen op Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher an d’Stad, op Diddeleng a Schengen. D’Paule Rodesch war rezent mat de Frënn vum Camino op enger dovunner ënnerwee.
Gym: Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir d'EM 2028 auszedroen
Wat bedeit dat un Opwand a wéi kritt d'Federatioun FLGym dat gestemmt? Dat froe mir hire Generalsekretär Silvio Sagramola.
Editioun 08:15
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hätt op Drock vun der Autolobby noginn, schreift reporter.lu iwwer geplangte steierlech Begënschtegung vu Plug-In-Hybriden als Déngschtautoen.
Liichtathleetik bei iwwer 30 Grad: Schiet, Waasser an adaptéiert Trainingen
D'Hëtztwellen hunn och dee gréisste Liichtathleetik-Veräin am Land virun Erausfuerderunge gestallt.
Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.
TikTok oder Instagram eréischt vu 15 oder 16 Joer un?
An der EU gëtt virun doriwwer diskutéiert, ob Sozial Medien an Zukunft fir Kanner oder Jugendlecher eréischt vun engem bestëmmten Alter u sollen erlaabt sinn.
Editioun 07:15
Beim geplangte Google Datenzenter-Projet zu Biissen kéint d‘Luucht geschwënn "op Gréng schalten“, seet de Buergermeeschter David Viaggi am Tageblatt.