D’Europäesch Unioun preparéiert sech drop, nei Memberen opzehuelen. Véier Länner si ganz vir an där aktueller Prozedur vun der Erweiderung vun der Europäescher Unioun: Et sinn dat Montenegro, Albanien, Moldau an d’Ukrain. Fir si gëtt an den nächsten Deeg eng “Road map” mat konkreeten Etappe presentéiert. Dat huet d’Europäesch Kommissioun en Dënschdeg matgedeelt.
D’Kommissioun wëllt och d’Reegele vun deem Erweiderungs-Prozess upassen. Dat wier néideg, fir datt d’EU wuesse kann. Wat schwieft Bréissel fir d’Zukunft vun där jo dacks ëmstriddener EU-Erweiderung vir? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.