arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
KI an der Literatur: D'Lëtzebuerger Editeuren hunn nach keng Richtlinnen
A Frankräich gouf e Roman aus der Auswiel fir de Prix Goncourt geholl, well de Verdacht besteet e wier mat KI geschriwwen. Wéi ginn d'Lëtzebuerger Editeure mat esou Fäll ëm?
Georges Wagner, Direkter vun der Associatioun vun der Assurance accident
D'AAA ass zoustänneg fir d'Preventioun an Entschiedegung bei Accidenter um Wee bei an op der Aarbecht souwéi bei Beruffskrankheeten. Zejoert gouf se iwwer 15.000 Mol sollicitéiert.
Filmtipp: "Garance"
De sobere franséischen Drama zeechent de Portrait vun enger alkoholsüchteger Actrice - dem Michel Delage säi Kinostip!
Editioun 07:15
Et gëtt Kritik um Poopst Leo senger Ried zu Metz: et wier einfach Europa ze kritiséieren, net genuch fir de Fridden ze maache wann ee selwer keng politesch Verantwortung hätt
Schach: eng mental a kierperlech Erausfuerderung
Déi lescht Deeg gouf am Usbekistan déi 46. Schacholympiad gespillt. Mat derbäi war och d'Lëtzebuerger Nationalekipp, déi um Enn am Mëttelfeld ofgeschloss huet
D'Pilze loosse wéinst der Dréchent op sech waarden
Wéi eng Konsequenzen huet dat fir de Bësch a wéi eng Pilze profitéieren eventuell esouguer vum waarme Wieder? Dat froe mir den Expert Fernand Schiltz
Aviatioun: Mat E-Kerosin an eng CO2-neutral Zukunft?
De Christoph Arndt vum Deutschen Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR) gleeft un d'Potential vun deem nohaltegen, stroum-baséierte Fliger-Sprit.
Editioun 08:15
Déi fréier Cité de l'aéroport gëtt ganz ofgerappt, eng Lëtzebuerger Judoka beschëllegt den Dr. Romain Seil an op Google Maps kann ee Plaze fannen, wou en Droge ka kafen
Neit Podcast Format: Den Zeenewiessel Portrait
Den Jamie Reinert huet d’Episode realiséiert a verréit, wat Iech hei erwaart.
Sam Tanson
Déi gréng Deputéiert äussert sech zu der Krisekommunikatioun vun der Regierung, zu der Affär Fridman an erkläert, firwat hir Partei géint d'Steierreform wäert stëmmen
Poopstvisitt zu Metz am Zeeche vu Fridden a Spiritualitéit
Fir d'Zweete Kéier bannent kuerzer Zäit kënnt e Poopst an d'Groussregioun. De Poopst Leo wäert de Mëtteg ënner anerem eng Mass zu Metz halen.
Editioun 07:15
Ob een dem Premier wärend senger Ried däerf an d'Wuert falen, ob d'Stad net awer d'Gantebeensmillen misst opkafen a wéi de CGDIS fir d'Zukunft misst opgestallt ginn, sinn Theemen
Presserevue
Mat ë.a. lokalpolitesche Sujeten zu Esch a Schëtter a Froen zum Multilateralismus
Iwwer 6.000 Leefer dëst Joer: Stéisst d'Route du Vin un hir Grenzen?
Mir schwätze mam Organisateur vum traditionnelle Semi-Marathon, dem José Azevedo.
Schwéierpunkt bis 2029: Kohäsioun a Benevolat
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn de leschte Weekend op hirem Kongress eng nei Verbandsspëtzt gewielt. Déi nei Ekipp geet hiert Mandat mam Slogan “Mir wuessen zesummen” un
Véier Matcher fir d'Fussball-Nationelkipp an der Nations League
Bulgarien zweemol, Island an Estland jee eng Kéier: Dat si bis de 6. Oktober mat d'Géigner vun de Roude Léiwen am Grupp 4 vun der C-Liga an der Nations League
Editioun 08:15
Eng suboptimal Krisekommunikatioun, eng Meco-Presidentin, där de Kollie platzt an de Kampf géint illegaalt Glécksspill: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
EU-Sanktiounslëscht: Xavier Bettel verdeedegt Erofhuele vum Michail Fridman
"Wann et ëm d'Bezuele vu Schuedensersatz geet, ass een an der EU ganz oft eleng", esou d'Erklärung vum Ausseminister am 100,7-Interview.