arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Coupefinall am Fussball: Wéi zouversiichtlech sinn déi Déifferdenger?
Mir froen de President vum FC Déifferdeng 03, de Fabrizio Bei
Editioun vun 08:15
Baueren, déi méi fréi opsti wéinst der Hëtzt, enk Schwammboxen zu Gréiwemaacher, an de Xavier Bettel, deen an d‘Fal vum Putin géif trëppelen - sinn haut Theemen.
30. Mee 1976: Explosioun am Pafendall mat 3 Doudegen
Muer viru 50 Joer gouf et am Pafendall eng uerg Explosioun, déi 3 Leit net iwwerlieft hunn. Mam Ouerenzeie vun deemools Vic Reuter kucke mir op dee schwaarzen Dag fir d'Stad zeréck
Pascal Husting, Aktivist bei der ONG Steelwatch
D'Stolindustrie ass fir 10 Prozent vun de weltwäiten CO2-Emissioune verantwortlech. Steelwatch wëllt de Wandel zu enger decarboniséierter Stolproduktioun virundreiwen.
41 Joer Heysel - Wéi ass et mat der Sécherheet am Stade de Luxembourg?
Op den Dag virun 41 Joer koume bei der Stadionkatastroph vun Heysel an der Belsch 39 Mënschen ëm d'Liewen. Wéi gesinn hautdesdaags d'Sécherheetsbestëmmungen a Stadien aus?
Editioun vun 07:15
Baueren, déi méi fréi opsti wéinst der Hëtzt, enk Schwammboxen zu Gréiwemaacher, an de Xavier Bettel, deen an d‘Fal vum Putin géif trëppelen - sinn haut Theemen.
Viktoria or not Viktoria?
Froen un de Guy Reiter, President vum FC Viktoria Rouspert, am Virfeld vun der Coupe-Finall mar géint den Titelverdeedeger FC Déifferdeng 03.
Ebola-Virus: eng Infirmière erënnert sech
D'Tessy Fautsch ass virun 10 Joer fir Médecins sans frontières a Guinea gewiescht, fir Ebola-Patienten ze hëllefen.
Lëtzebuerg am Fokus vu geplangtem Verkaf vu serbeschem News-Réseau
Eng Vente vu Medien un Investisseuren, déi dem fréieren ungaresche Premier Viktor Orban no stinn, suergt fir Opreegung. Lëtzebuerger Autoritéiten mussen dee Prozess gutt heeschen.
Editioun 8h15
Esch weist sech solidaresch mat Nidderaanwen a sträicht och e Stéck Buedem mat de Reeboufaarwen un an d'Gemeng Suessem wëllt um Gaalgebierg duerchgräifen
560 Träppleken a 7 Minutten
De Claude Kaufmann huet de leschte Weekend beim Ulmer Münsterlauf, engem Trapelaf fir Pompjeeën de Kierchtuerm erop matgemaach - a voller Montur.
Raymond Manes, Direkter vun der Miami University Lëtzebuerg
Zënter bal 25 Joer ass de Lëtzebuerger an der Direktioun - fir d'éischt als 2. Mann, zënter 2020 als Haaptchef - vum Miami University Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC)
STATEC lancéiert SILC-Enquête
9.600 Lëtzebuerger Stéit sinn opgefuerdert, dem STATEC ausféierlech Opschloss ze ginn iwwer hir Revenuen a Liewenskonditiounen. Explikatioune vum Guillaume Osier.
Editioun 7h15
D'Wunnengskris an e Faktencheck, Uschëllegunge géint de Police-Chef wéinst de Mëssstänn am Garer Kommissariat an e Besuch an der neier CAVEM-Museksschoul sinn Theemen
Filmtipp: El Ser Querido
A sengem neien Drama setzt de Spuenier Rodrigo Sorogoyen eng ugespaante Papp-Duechter-Relatioun an Zeen.
Faszinatioun Tornado: Firwat riskéiert ee säi Liewe fir e Stuerm ze gesinn?
Mir froen de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide, dee viru Kuerzem an der sougenannter Tornado Alley an den USA ënnerwee war.
Flotilla-Aktivisten erziele vum Optrëtt vum israeelesche Policeminister
D’Elisabeth Trocheris an den Abdessamad Taqui waren dobäi wéi dee weltwäit kritiséierte Video entstan ass, deen den israeelesche Policeminister vun de Prisonéier gepost huet.
Editioun 8h15
Et ginn enorm Ënnerscheeder bei den Altersheemer zu Lëtzebuerg, kënschtlech Intelligenz huet e groussen Impakt op d'Gehier an Open Space Büroe sinn e risege Stressfaktor