arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun vun 08:15
Krankeschäiner wéinst Depressiounen, an d'Fifa an d'Kommerzialiséierung - weider Sujeten an den Zeitunge vun haut
Pëtrolspräis an Niddregwaasser: d'Lag op den Tankstellen
De Krich am Noen Oste kritt keen Enn an de Rhäin ass keen zouverlässegen Transportwee méi. Mir schwätze mam President vum Tankstelleverband GEML iwwer aktuell Erausfuerderungen
Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM
Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart? Mir froen d'Direktesch vun der Aarbechtsverwaltung
Jugendschutzreform: Gilbert Pregno warnt virun "Hauruckverfahren"
Dat neit Jugendschutzgesetz wier op ville Plazen onkloer: Dat hält de Staatsrot a sengem zweeten Avis fest. Och de Mënscherechtsexpert Gilbert Pregno ass skeptesch.
Editioun vun 07:15
Kritik un der Propos vum Defenseministère fir nei Euro-Schäiner, eng Waasserblos zu Housen, an d'Resilienz vu Lëtzebuerg a Saache Bëschbränn - Theemen haut an der nationaler Press
Wéi verleeft ee Läschasaz beim Groussbrand zu Bordeaux?
3 Aquarius Läschfligere vun der Cargolux sinn den Ament an der Gironde fir ze hëllefen de Groussbrand ze läschen. Froen un de CEO vun Aquarius a Pilot, de Wieger Ketellapper.
EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn
Matten am EU-Quartier läit d'Zentral, vun där aus déi europäesch Hëllef gesteiert gëtt. Dozou gehéiert och d'Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir Frankräich.
Editioun vun 08:15
D'Radikaliséierung vu Jonken - ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut
Wéi mussen d'Autoszouliwwerer sech an Zukunft opstellen?
Fir op d'Kris ënner anerem an der däitscher Automobilindustrie ze reagéieren, denken Autoszouliwwerer och hei am Land iwwer een zweet Standbeen no - z. B. am Beräich Defense.
Florence Schmit, Energieexpertin bei der Rabobank zu London
De Krich am Iran ass nach ëmmer amgaangen, awer den Uelegpräiss ass bis elo manner staark geklommen, wéi ufanks gefaart. D'Lëtzebuerger Expertin erkläert eis, firwat dat esou ass.
Wat hëlleft géint d'Hëtzt? D'Leit verroden hir Tricken
De Moris Garzaro huet sech gëschter an der Stad ëmfrot, wat d’Leit maache fir mat der Hetzt eens ze ginn a wat fir Tricken hinnen duerch dëse waarme Summer hëllefen.
Editioun vun 07:15
D'Gaspräisser an d'Bränn an Europa - Theemen an der nationaler Press vun haut
D'Klimakëscht - de beschte Schutz géint d'Hëtzt an de Stied?
Wéi kann een eng Stad beschtméiglech géint d'Hëtzt schützen? D'Klimakëscht op der Diddelenger Gemengeplaz wëllt de Leit genee dat weisen.
Wéivill Damp aus Südeuropa kënnt hei un?
Mir froen de Luca Mathias vu Meteolux, wéi vill Spueren d'Bëschbränn hei am Land wäerten hannerloossen a wéi waarm et déi nächst Deeg de Previsiounen no gëtt.
Editioun vun 08:15
D'Konsequenze vun der Dréchent fir d'Landwirtschaft - ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut.
Déi nei Kannerkëscht-App ass do!
D'Pechschwéngercher, d'Kanner op der Buerg an an Zukunft de Virwëtzclub: all eis Geschichten an Hörspiller fir Kanner ginn et elo gesammelt op enger Plaz, pünktlech fir d'Vakanz.