arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 8:15
Wéi kontrolléiert den Héichschoulministère gefälschten Diplomer? Ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut.
Waarden op de Kran: Zu Schieren ass alles prett fir dat neit Wandrad
Vun August u freet ee sech zu Schieren ganz besonnesch, wann et e bësse bléist: Da gëtt nämlech dat éischt Wandrad an der Gemeng a Betrib geholl.
Claude Meisch, DP-Edukatiounsminister
Am Virfeld vun der grousser Vakanz schwätze mir iwwer déi gemëschte Kriticken um Projet ALPHA, deen am September uleeft. Déi entspriechend Rapporte goufe gëschter publizéiert.
Publikatioun vum Rapport "ALPHA - zesumme wuessen"
Den Educatiounsministère huet gëschter de Rapport ALPHA iwwer d'Alphabetiséierung op Franséisch publizéiert; mir probéieren ze decortiquéieren ...
Editioun 7:15
Ass de Knuedler wierklech eng angeneem Plaz fir zesummenzekommen? Een Theema an der nationaler Press haut.
Fussball-WM: Ass de grousse Favorit Frankräich nach ze schloen?
Virun der éischter Halleffinall den Owend schwätze mir mat eisem Fussballexpert Roland Schaack.
Hëtztwell setzt Drénkwaasserversuerung ënner Drock
D'Waasserwirtschaftsamt huet d'Phase de vigilance ausgeléist. Wéi bewäert d'SEBES d'Situatioun? De Syndikat versuergt iwwer 90 Prozent vun der Populatioun mat Drénkwaasser.
Erneierbar Energien: D'Gemeng Schieren ass prett fir hiert éischt Wandrad
Zu Schieren freet ee sech geschwënn, wann de Wand bléist: D'Aarbechten um éischte Wandrad vun der Gemeng lafen op Héichtouren.
Tour de France
Pogacar dominéiert an d’Hëtzt suergt fir Debatten.
Editioun 8:15
Schwieregkeete bei der Autorité de la concurrence an d'Sécherheetsdebatt zu Esch - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
Gemenge géint Schottergäert
Ëmmer méi Gemenge setze Subsiden oder aner Demarchen en Place fir Schottergäert duerch richteg Gäert ze ersetzen.
Léon Gloden, CSV-Inneminister
Mir schwätzen iwwer de grousse Bedruchsfall a sengem Ministère an iwwer dat neit nationaalt Bautereglement, wat virum Weekend presentéiert gouf.
Nei Bautereglement
De Meris Sehovic, Deputéierte vun déi gréng an Escher Bauschäffen, reagéiert dorobber.
Editioun 7:15
Schwieregkeete bei der Autorité de la concurrence an d'Sécherheetsdebatt zu Esch - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
Gëtt et d'Passioun fir Panini-Stickeren nach ëmmer?
De Simon Larosche war op eng Tauschbourse.
D'Luxembourg Pride ass fir d'éischt zënter Laangem nees an der Stad
Nodeems se jorelaang zu Esch war, ass d'Pride haut a muer nees an der Stad. De Pit Beffort mellt sech vun der Plaz a seet eis, wéi déi lescht Preparatioune lafen.