arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 07:15
D'Korruptiounsaffär an der Immigratioun aus der Siicht vum fréiere Procureur Jean Bour, Problemer bei der Pride an d'Dréchent mécht de Bauere Problemer.
Renaturéierung vu Flëss: Wéi eng Hürde ginn et nach?
Mir froen d'Martine Peters vun der Waasserverwaltung, éier haut de Renaturéierungsdësch zesummekënnt.
Filmtip: "The Odyssey"
Dem Christopher Nolan seng imposant Verfilmung gëtt dem Homer absolut gerecht, fënnt de Michel Delage.
Editioun 08:15
E Bilan vun de Bilansiessen, d'Elektromobilitéit boomt an eng schosssécher West fir e Minister, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Franséisch Alphabetiséierung: D'Viraarbecht leeft op Héichtouren
Fir ze gesinn, wéi déi organisatoresch Viraarbecht genee ofleeft, huet d’Pia Oppel engem Regionaldirekter bei der Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt.
Michel Simonis, Generaldirekter vun der Croix-rouge
Kuerz éier hien an d'Pensioun geet, beschreift de geléierten Ekonomist, deen ëmmer am soziale Beräich geschafft huet, wéi de Secteur sech an de leschte 25 Joer entwéckelt huet.
Kiemer Kannerrot wëllt méi Begréngung am Schoulhaff
Méi Begréngung an der Stad ass en aktuellt politescht Theema – an och fir d’Kanner aus der Schoul Um Kiem um Kierchbierg spillt d'Begréngung eng grouss Roll.
Editioun 07:15
E Fräisproch vun engem Buergermeeschter, d'Elektromobilitéit um Virmarsch an ee Minister Gloden a schosssécherem Gilet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Groussbritannie kritt en neie Premier
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer?
Fussball-WM - e Bilan
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehält.
Neie Statut fir Dokteren an der Spezialisatioun
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
Editioun 08:15
Begréngung vun der Stad, Ëmweltpolitik, déi net nerve soll a bedauernswäert Sportjournalisten, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Tour de France: Tëschebilan no der 2. Woch
15 vun 21 Etappe si gefuer; elo geet et an d'Alpen. Wat kann ee vun der leschter Tour-Woch erwaarden? Froen un de fréiere Vëlosprofi Michel Ries
Pascale Hansen, Bâtonnière Barreau Dikrech
Nom Mordversuch un engem Affekot schléit den Dikrecher Barreau Alarm. Ëmmer méi dacks wiere seng Membere mat verbaler, heiansdo och physescher Gewalt konfrontéiert.